Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Et gëtt zwou Zorten Diabetes mellitus, op Lëtzebuergesch och nach Zockerkrankheet genannt: Typ 1, deen nëmme 5 % vun den Diabetiker betrëfft a schonn a ganz jonkem Alter optrëtt, an den Typ 2, dee meeschtens méi spéit eréischt optrëtt an dee ganz dacks mat Iwwergewiicht a Verbindung bruecht gëtt. Eng vun den Haaptkarakteristike vun der Zockerkrankheet ass wéi den Numm et seet een ze héijen Zockergehalt am Blutt vum Patient. Normalerweis ass den Insulin zoustänneg dofir datt den Zocker dee mir iessen oder deen eise Kierper fabrizéiert vum Blutt a verschiddenen Organer opgeholl a verschafft gëtt: virun allem am Muskel, de Fettzellen an der Liewer.

Den Insulin-ofhängegen Diabetus mellitus (IDDM oder Typ 1) änneren

Den Typ 1 Diabetes as eng autoimmun Krankheet bei där de Pankreas, d'Organ dat den Insulin fabrizéiert vum Immunsystem zerstéiert gëtt. Dofir gëtt ëmmer manner Insulin am Kierper fräiginn, an de Bluttzocker bleift héich. Déi Zort vun Diabetes ka mat Insulinsprëtze behandelt ginn.

Den Net-Insulinofhängegen Diabetus mellitus (NIDDM oder Typ 2) änneren

Am Typ 2 Diabetes funktionéiert de Pankreas op d'mannst am Ufank ganz normal. Mä aus geneeteschen (verierflechen) an ëmweltlechen (Ernierung, Alter, Beweegung,...) Grënn reagéiere verschidden Organer net méi op d'Insulinstimulatioun. Dowéinst bleift den Zockergehalt am Blutt ze héich. De Pankreas probéiert dës Situatioun ze kompenséieren andeems e méi Insulin an d'Blutt ofgëtt. Dës Kompensatioun geet eng Zäit, mä duerno ginn d'Pankreaszelle midd a kënnen dann, wéi am Typ 1 Diabetes, net méi genuch Insulin fabrizéieren. Doduerch datt an där Zort Zockerkrankheet net nëmmen net genuch Insulin do ass, mä souwisou d'Organer net méi genuch op den Insulin reagéieren, ass deen Typ Diabetes meeschtens net eleng mat Insulinsprëtzen ze behandelen.

Symptomer änneren

  • massive Gewiichtsverloscht bei normalem Iessverhalen
  • erhéicht Bluttzockerwäerter vun iwwer 160 mg/dl iwwer méi e laangen Zaïtraum
  • groussen Duuscht, dat heescht et drénkt en iwwerméisseg vill
  • Kappwéi iwwer méi e laangen Zäitraum
  • Midegkeet

Diagnostik änneren

An deene meeschte Fäll besteet den Diagnostik beim Diabetes millitus doran datt dem Patient eng Bluttprouf geholl gëtt. Unhand vu verschiddene Wäerter kann een da feststellen ob de Patient Diabetiker ass oder net. Bei enger Bluttprouf déi vum Dokter ordonéiert gëtt, gëtt zum Beispiel gekuckt op am Blut vum Patient Anticorpse géint Insulin oder Anticorpse géint Glutamatdecarboxylase oder Anticorpse géint Tyrosinphospaht firleien. Ass dëst de Fall da ginn déi Markeren "Risikomarker" genannt. Et geet awer och nach eng aner Method fir ze gucken op de Patient Diabetes huet, nämlech et mécht een en orale Glucosetoleranztest, dat heescht et kritt een eng Zockerléisung ze drénken, an da gëtt engem a bestëmmten Zeitofstänn Blut geholl a gekuckt wéi vill Glucose nach am Blutt ass. Ass de Bluttzockergehalt méi héich wéi 160 mg/dl da schwätzt ee vun Iwwerzocker, och Hyperglykämie genannt. An unhand vun nach engem Blutttest gëtt de Wäert vum Hba1c gekuckt, dëse Wäert seet aus wéi vill Glucose un de Bluttfaarfstoff Hämoglobin gebonn (glycoliseiert) ass. Dëse Wäert gëtt heefeg benotzt well hien engem vill iwwer de Blutzockergehalt iwwer 6-10 Woche verréit.

Quell: Klinische Pathophysiologie THIEME Verlag 8. Auflage

Therapie änneren

Therapie beim Diabetes Typ 1 ass meeschtens soudatt de Patient sech de Blutzocker miesst an no engem vum Dokter erstallte Plang sech den Insulin S.C. also Subcutan (ënner d'Haut) sprëtze muss, dat gëtt an de meeschte Fäll um ieweschten Deel vum Aarm gemaach. Beim Typ 2 ginn normalerweis Oral Antidiabetika benotzt. Den Ënnerscheed zum Typ 1 läit doran, datt beim Typ 2 de Pankreas nach Insulin produzéiert ma just net méi a genügender Konzentratioun. Déi Oral Antidiabetika fërderen d'Insulinsekretioun.

Déi oral Antidiabetika änneren

Déi oral Antidiabetika kënnen eemol oder e puermol den Dag ageholl ginn. Si ginn ageholl bei der Zockerkrankheet vum Typ 2, nodeem e Wiessel an der Ernährung zu kenger Senkung vum Zockerspiggel am Blutt gefouert huet.

Et gëtt dréi grouss Gruppen:

Sulfamiden änneren

Sulfamide si Medikamenter déi d'Ausscheedung vun Insulin an der Bauchspeicheldrüs fërderen, an domat de Bluttzockerspigel senken. Si setzen natierlech eng intakt Bauchspeicheldrüs viraus.
Kommerziell Nimm: Daonil, Diamicron oder Amarel

Biguaniden änneren

Biguanide stäerken d'Wierkung vum Insulin op déi Insulin sensibel Kierperstrukturen, des Weidere blockéiere se d'Néiformatioun vum Zocker aus de Protéinen déi dem Kierper als Reserven déngen a regléieren d'Ofsuckele vum Zocker am Gedäerms.
Kommerziell Nimm: Metformine, Glucophage oder Stagid

Alpha-glucosidase Blockeren änneren

Alpha-glucosidase Blockere si Medikamenter déi nëmmen e bescheidenen Aktiounsradius hunn andeems se am Gedäerms, d'Ofsuckele vum Zocker blockéieren. Ee bestëmmten Transporter geet dann net méi. Déi Medikamenter mussen also iwwer dem Iessen ageholl ginn, fir kënnen ze funktionéieren.
Kommerziell Nimm: Glucor

Zwou méi nei Medikamentergruppe sinn:

Glitazone a Glinides änneren

Glitazone a Glinides ginn eréischt an zweeter Instanz verschriwwen, nodeem déi aner Medikamenter net den erhofften Déngscht geleescht hunn.

Déi verschidden Insulinaarten änneren

Intensiv Insulin-Bahandlung änneren

Den Insulin-Schock änneren

Komplikatiounen änneren

Wa se net behandelt gëtt, féiert d'Zockerkrankheet zu schlëmme Komplikatiounen a verschiddenen Organer:

  • Gefäässer:

Et gëtt en Ënnerscheed tëscht:

    • der Mikroangiopathie

Si manifestéiert sech an de Kapillaren. Virun allem beim schlecht agestallten Diabetiker besteet en erhéichte Risiko vun der Netzhautbluddung, an och en erhéichte Risiko vun enger Netzhautofléisung.

    • an der Makroangiopathie:

Duerch den erhéichten Zockergehalt vum Blutt besteet en erhéichte Risiko fir Arterioskleros, mat de Konsequenze wéi z. B. Häerzinfarkt, diabetesch Nephropathie, Hirschlag...

  • diabetesch Nephropathie
  • diabetesch Polyneuropathie, dat heescht Gefillslosegkeet a verschiddene Kierperregiounen, et fänkt meeschtens bei de Féiss un

Diabetes-Regime änneren

Diabetes zu Lëtzebuerg änneren

Selwerhëllefsgruppen zu Lëtzebuerg änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Diabetes mellitus – Biller, Videoen oder Audiodateien