Sozialdemokratesch Partei (1970)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der 1970 gegrënnter SdP. Fir déi eponym Partei, déi 1902 gegrënnt gouf, kuckt wgl. Sozialdemokratesch Partei (1903). |
D'Sozialdemokratesch Partei (franséisch: Parti Social Démocrate), ofgekierzt SdP, war eng sozialdemokratesch Partei zu Lëtzebuerg. Si gouf den 2. Mee 1970 gegrënnt an 1984 opgeléist.
D'Sozialdemokratesch Partei huet sech 1970 vun der LSAP ofgespléckt, nodeem schonn 1969, wéinst interne Streidereien an der sozialistescher Partei, eng Erneierung vun der vireger CSV-LSAP Koalitioun feelgeschloe war. De lénkse Gewerkschaftsflillek vum LAV, war verschiddenen LSAP Memberen ze staark ginn. Hien huet ënner anerem fir e breet Matbestëmmungsgesetz a fir sozialistesch-kommunistesch Koalitioune bei den nächste Gemengewalen militéiert. Nom Ausschloss vun den Dissidenten aus der sozialistescher Chamberfraktioun hat d'SdP vun 1971 un eng eege Fraktioun vu fënnef Deputéierten an der Chamber. Et waren dat den Henry Cravatte, Antoine Krier, Roger Schleimer, de Georges Hurt an d'Astrid Lulling.
Bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 huet d'SDP 9.2 % vun de Stëmmen (5 Sëtz) kritt. Bei de Wale vun 1979 huet se der awer nees dräi verluer. Bei den Europawalen, de selwechten Dag, huet si kee Sëtz kritt.
President war 1971 – 1980 den Henry Cravatte, dee virdrun, vun 1959 bis 1970, President vun der LSAP war. Dono war de Fernand Georges President.
Wéi d'Partei 1982 opgeléist gouf, si verschidde Memberen nees an d'LSAP gaangen, anerer, wéi d'Astrid Lulling, si Member bei der CSV ginn.