De Begrëff erneierbar Energien, och regenerativ Energië genannt, bezeechent Energie aus nohaltege Quellen, déi no mënschleche Virstellungen ouni Enn sinn.

Eng Wandenergieanlag am Wandpark zu Hengescht

Dës Energie gëtt aus natierleche Prozesser vun eiser Ëmwelt gewonnen, wéi z. B. duerch d'thermonuklear Ëmwandlung an der Sonn, déi een dann z. B. mat Photovoltaikanlagen a Stroum ëmwandele kann.

Begrëff änneren

Déi verschidden erneierbar Energien änneren

 
Solarpanneauen um Daach vum Galileo Science Mobil

Global Bedeitung änneren

D'erneierbar Energiequelle wäerten déi fossil an nuklear Energiequelle laangfristeg ersetzen, well d'Reserve vun dëse begrenzt op der Äerd ze Verfügung stinn, hiren Asaz ekologesch problematesch ass an an Zukunft den Energieverbrauch weltwäit nach weider klamme wäert. Duerch Fërderung vu regenerativen Energie wäert op laang Zäit d'Schuedstoffbelaaschtung, déi duerch Verfeiere vu Kuel, Ueleg a Gas entsteet, erofgesat ginn an dozou bäidroen, datt de Klimawandel net sou séier viru geet.

Déi héich Uschafungskäschte bei den Anlage vun erneierbarer Energie an déi nach gënschteg konventionell Primärenergieträger verhënneren e séieren Iwwergank. D'Leeschtungsverhältnis zu de konventionellen Energiequellen, wéi d'Notzung vu fossile Brennstoffer oder vu Kärbrennstoffer, ass momentan nach zimmlech niddreg. D'Leeschtungsoffer, virun allem vu Sonn a Wand, ass groussen zäitleche Schwankungen ausgesat.

Politesch Erausfuerderung änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Erneierbar Energie – Biller, Videoen oder Audiodateien