Tumulus um Bill

gallo-réimesche Grafhiwwel

Den Tumulus um Bill ass e gallo-réimesche Grafhiwwel beim Bill um Fouss vum Helperknapp aus dem 3. Joerhonnert no Christus. En huet en Duerchmiesser vu 24 m a war ursprénglech eng 6–7 m héich.[1]

Den Tumulus

Ronderëm war ufanks eng Rankmauer mat enger 3-4 Loe Bléck aus Sandsteen. No Südwesten hi war an der Rankmauer e Grafaltor agebaut, wou eng Urn mat den Äsche vun de Verstuerwene versuergt gouf. Op der Spëtzt vum Tumulus war eng Zort Stäil a Form vun engem Pinienzap oder engem Menhir.

1969 gouf den Tumulus fräigeluecht a mat de Steng, déi nach do louchen, a Fassong bruecht.

Literatur änneren

  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 38-39.
  • Thill, Gérard, 1969: Römischer Grabhügel mit Ringmauer und eingebautem Altar. Hémecht, 21, 1969, 317-332.

Um Spaweck änneren

Commons: Tumulus um Bill – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Marcvs Lavrentivs Delirvs (pseud.): "Gallo-Römischer Grabhügel bei Bill." op reimer.lu.