Helpermaart
Den Helpermaart ass e Maart zu Bëschdref, mat bis zu honnert Stänn, dee Päischtsonndeg organiséiert gëtt.
D'Geschicht vum Helpermaart änneren
Den Helpermaart war viru laanger Zäit e grousse Maart, op deem Händler hir Wueren ugebueden hunn. Et war haaptsächlech e Véimaart, mä et waren och Schéireschleffer do. Si koumen aus der Géigend, awer och vu méi wäit fir hir Wueren ze verkafen.
Wëll et beschwéierlech war, fir dee géien Hiwwel erop op den Helperknapp ze kommen, ass 1832 de Maart an de Fënsterdall verluecht ginn. D'Iddi war u sech gutt, awer et sinn ëmmer manner Leit op de Maart komm. Nodeem d'Gemeng Miersch eng Ufro gemaach hat, fir de Maart ze kafen, ass dësen 1923 op Miersch komm.
Am Joer 1988 huet den deemolege Syndicat d'initiative Béiwen-Atert ënner hirem President Jos Lux beschloss, den Helpermaart erëm opliewen ze loossen. D'Gemeng Miersch war averstanen, den Helpermaart fir de symbolische Frang zeréckzeginn.
Organisateur vum Helpermaart ass mëttlerweil d'Entente Helpermaart, déi sech aus néng Veräiner aus der Gemeng Béiwen-Atert zesummesetzt.