Karel de Groussen um Helperknapp

Karel de Groussen um Helperknapp ass eng lëtzebuergesch Seechen, déi am Nicolas Gredt sengem Sagenschatz des Luxemburger Landes d'Nummer 124 huet.

Seechen änneren

Der Traditioun no soll de Karel de Groussen u Longentuberkulos gelidden hunn, an d'Dokteren haten d'Hoffnung schonn opginn. En eeleren Abt huet em Courage gemaach an em als Heelmëttel ugeroden, ze reesen an op d'Juegd ze goen. De Karel huet dat behäerzegt a sech op de Wee gemaach. Op sengem Tour koum en och op Lëtzebuerg an d'Géigend vum Helperknapp. Fir de 5. Mee war do eng Juegd ugekënnegt.

Et war dompeg an de Keeser hat Duuscht, mä en huet néierens eng Quell gesinn. Dunn huet hien um südlechen Hank e Buer fonnt. Hien huet dräimol doraus gedronk an ass nees gesond ginn.[1]

Quellen änneren

  • Michel Molitor a Leo Berchem (Beaarbechter): Heimatsagen. Blütenlese aus dem Luxemburger Sagen- und Legendenschatz, 1929, Verlag des Luxemburger Lehrerverbandes, Hofbuchdruckerei Linden& Hansen, 146 Säiten.
  • Nicolas Gredt: Sagenschatz des Luxemburger Landes gesammelt von Nikolaus Gredt. Neubearbeitet in der Sprachwissenschaftlichen Sektion des Großherzoglichen Instituts 1982, Reprint vun der 2. Oplo vun 1964. [1]

Referenzen änneren

  1. Karl der Große auf Helpert.

Kuckt och änneren