Den Hellenismus oder den Hellenisteschen Zäitalter (4.-1. Joerhonnert v. Chr.) ass eng Geschichtsperiod a Griicheland, déi bis op d'grouss Figure wéi den Alexander de Groussen oder d'Kleopatra relativ mëssverstane gëtt. Den Hellenismus gëtt dacks als eng Transitiounsperiod, a souguer Dekadenz, tëscht dem Glanz vum Klasseschen Zäitalter an der Muecht vum Imperium Romanum ugesinn. Allerdéngs hunn de Glanz vun de Stied wéi Alexandria, Antiochia a Pergamon, d'Ekonomie, d'Mëschung vun de Kulturen, d'dominant Roll von der griichescher Sprooch an hir Diffusioun d'Bild vum anticken Noen Oste verännert.

Blesséierte galatesche Kriger, e griichescht Statuenthema wat no der Victoire vum Attalos I. vu Pergamon iwwer d'Gallier ëm 237 v. Chr. opkomm ass.

Den Hellenismus gouf duerch Historiker aus dem 19. Joerhonnert definéiert. De Begrëff "hellenistesch" gouf fir d'éischt Kéier vum däitschen Historiker Johann Gustav Droysen benotzt[1] a koum duerch de linguisteschen a kulturelle Krittär, der spektakulärer Erweiderung vun de Regiounen, wou griichesch geschwat ginn ass (gr.: ἑλληνίζειν / hellênízein) an domat duerch de Phenomeen vun der Expansioun vum Hellenismus. Dëse Phenomeen vun enger Hellenisatioun an dem Kontakt tëscht den alen orientaleschen Zivilisatiounen an de Griichen ass ënner der réimescher Dominatioun weidergaangen[2]. D'chronologesch Grenze vum hellenisteschen Zäitalter si konventionell a politesch: si fänke mam Doud vum Alexander dem Groussen un, an halen op, wéi sech de leschte groussen hellenisteschen Herrscher, d'Kleopatra vun Egypten, d'Liewe geholl huet, an der réimescher Dominanz d'Plaz iwwerlooss huet.

D'rezent archeologesch an historesch Aarbechte ginn an d'Richtung, dës Period no zwéin Aspekter nei ze bewäerten: d'Existenz an d'Gewiicht vun de grousse Kinnekräicher mat ursprénglech griicheschen oder makedoneschen Dynastien[3] mä och d'Roll vun de ville Stied, deenen hir Wichtegkeet net ofgeholl huet, och wann dës Meenung laang Zäit vertruede war.

Politesch Evolutioun vun der hellenistescher Welt änneren

D'Eruewerunge vum Alexander änneren

 
D'hellenistesch Welt nom Doud vum Alexander.

Am Alter vum 20 Joer war den Alexander de Groussen Kinnek vu Makedonien, zwee Joer drop Meeschter iwwer dat antikt Griichland, an huet a senger kuerzer Zäit um Troun — knapps 13 Joer vun 336 bis 323 v. Chr. — déi spektakulärsten a séiersten Eruewerung vun der Antiquitéit fäerdegbruecht. E klengt Kinnekräich, wat sech mat verschiddene griichesche Poleis zesummegedo hat, huet dat gréisst Räich vun dëser Zäit an d'Knéie gezwongen, d'Perserräich vum Dareios III. Den achämenideschen Herrscher gouf bannent véier Joer (334-330) an dräi Schluechte geschloen, um Granikos, zu Issos a Gaugamela. Déi dräi Joer drop, bis 327, goufe lues awer sécher d'Satrapien an Zentralasien ageholl, a bis 325 huet den Alexander d'makedonesch Dominatioun iwwer den Nordoste vun Indien geséchert. Hei huet den Alexander ënner dem Drock vu sengen Truppe missen ophalen, an ass zeréck a Mesopotamien gaangen, dem Häerz vu sengem Räich.

Fir seng Muecht op laang Zäit ze halen, huet hie versicht d'achämenidesch Herrscherklass vum ale Räich mat der Administratioun vu sengem Räich zesummenzebréngen. Hien huet op dësem Wee versicht, eng Monarchie ze grënnen, déi engersäits op der makedonesch-griichescher Traditioun baséiert huet, an anerersäits och d'persesch Ierfschaft net vergiess huet. De plëtzlechen Doud vum Kinnek am Alter vun 33 Joer huet dësem originelle Versuch en Enn gesat, dee vu sengem Entourage allerdéngs och kritiséiert ginn ass.

D'Period vun den Diadochen (323-281 v. Chr.) änneren

 
Büst vum Ptolemaios I. Soter, ee vun den Diadochen.

Den Alexander de Groussen hat kee wierklechen Nofollger hannerlooss, dee seng Plaz konnt anhuelen, a virun allem keen, dee sech géint d'Diadoche behaapte konnt, Offizéier vu senge Campagnen déi sech 40 Joer laang ëm d'Ierfschaft gestridden hunn. D'Kricher tëscht dem Perdikkas, dem Ptolemaios, dem Kassander, dem Lysimachos, dem Antigonos an dem Seleukos, fir nëmmen déi wichtegst z'ernimmen, déi bis 281 v. Chr. gedauert hunn, hunn d'Famill vum Alexander verschwanne gelooss, an d'Räich gesprengt. Den Antigonos, alen Offizéier dee vague mat der kinneklecher makedonescher Famill verwandt war, hat et bal geschafft, d'Räich nees opzebauen, mä eng Koalitioun vu senge Rivalen huet hie bei der Schluecht vun Ipsos 301 v. Chr. geschloen.

Griicheland, Makedonien a Klengasien goufe vun de militäresche Campagne vun den Diadoche markéiert, wärend sech den ëstlechen Deel vum Räich séier emanzipéiert huet, an zum griichesche Räich vu Baktrien ginn ass. Dëse Genereel war et egal, iwwer wéi eng Partie vum Räich si d'Soen haten, d'Haaptsaach war, si haten en Troun. Den Demetrios Poliorketes, Jong vum Antigonos, huet zesumme mat sengem Papp iwwer de gréissten Deel vun Asien geherrscht, an nom Doud vu sengem Papp huet hie versicht, Makedonien anzehuelen, wat him provisoresch och gelongen ass. Schlussendlech huet hie sech awer misse geschloe ginn, an ass miserabel gestuerwen. Den eelste Jong vum Ptolemaios, de Ptolemaios Keraunos, gouf vu sengem Papp aus Egypten verdriwwen, an huet sech beim Lysimachos an Thrakien opgehalen. De Ptolemaios Keraunos huet Thrakien souwéi Makedonien besat, an de Seleukos ëmbrénge gelooss, dee géint hie virgoe wollt. Den Noen Oste war vun den Ambitioune vun dëse Genereel dominéiert, déi sech séier de Kinnekstitel ginn hunn, hir Truppen hunn aus griicheschen a makedonesche Sëldner bestanen.

Am beschte geschloen huet sech de Ptolemaios I., e Kandheetsfrënd vum Alexander, aus deem verschidden Auteuren och de Baaschtert vum Philippe II. gemaach hunn. Hie konnt sech séier Egypten ënner den Nol rappen, an huet versicht, hei en dauerhafte Staat opzebauen. Domat huet hien imperial Ambitiounen opginn, déi hie selwer fir wéineg realistesch gehalen huet. Domat war hien zwar ee vun deenen, déi mat "Schold" dru waren, datt aus der imperialer Iddi näischt ginn ass, mä anerersäits war hien och e Grënner vun der hellenistescher Welt.

D'Gläichgewiicht vum 3. Joerhonnert änneren

 
De Seleukos I. Nikator, Grënner vun der Dynastie vun de Seleukiden.

Am 3. Joerhonnert v. Chr. koum et zu engem kuerze Gläichgewiicht tëscht den dräi Dynastien, déi aus den Diadochen ervirgaange waren. Makedonien gouf vun den Nofollger vum Antigonos regéiert[4], Egypten vun de Lagiden, an e grousst Räich, wat net homoge war[5] vun de Seleukiden. Allerdéngs gouf et nach méi Divisiounen an der hellenistescher Welt. Nieft den dräi grousse Monarchië gouf et eng Partie kleng Kinnekräicher, déi keng sou grouss Roll gespillt hunn. Sou hunn d'Attaliden hiert Kinnekräich ronderëm Pergamon opgebaut, an et goufe Kinnekräicher um Pontos an a Bithynien. Den Hieron II. huet a Grouss-Griicheland e Kinnekräich zu Syrakus op d'Bee gestallt.

Zu dëse ville klenge Monarchie kommen ausserdeem nach d'Konfederatioune vun de Poleis, déi sech zum Deel mat Erfolleg, géint d'Ambitioune vun den hellenistesche Kinnekräicher - virun allem Makedonien - duerchgesat hunn. Zwee vun dëse federale Staaten, d'Achaiiesch Liga ënner dem Aratos an d'Aitolesch Liga hunn eng grouss Roll bis zu der réimescher Eruewerung gespillt. Verschidde Poleis konnte souguer hir Onofhängegkeet behalen, a ware mat de Kinnekräicher gläichgestallt. Dat bescht Beispill heifir ass Rhodos.

D'Réimer an d'politescht Enn vun der hellenistescher Welt änneren

Um Enn vum 3. Joerhonnert ass d'Magna Graecia - Süditalien a Sizilien - no bal engem Joerhonnert vu Kämpf, sief et duerch de Pyrrhos oder duerch d'Punesch Kricher, ënner réimesch Dominatioun gefall. Et huet allerdéngs nach bis zum Ufank vum 2. Joerhonnert gedauert, bis Roum wierklech am Orient agegraff huet. An enger éischter Zäit hunn d'Réimer militäresch d'Antigoniden a virun allem den Antiochos III. - déi lescht grouss politesch Figur ënner den hellenisteschen Herrscher virum Mithridates VI. an der Kleopatra - ënner hir Fuchtel bruecht. An engem laangen a luese Prozess, dee bal zwee Joerhonnerte laang gedauert huet, konnt Roum mat der Hëllef vun de Poleis an dem Kinnekräich vu Pergamon d'ëstlecht Mëttelmier u sech rappen. Dëse leschten Akt bei der Eruewerung war de Sträit tëscht dem Octavian an dem Marcus Antonius, dee mat der leschter Herrscherin vun Egypten, der Kleopatra VII., alliéiert war, a geschloe gouf. D'Kleopatra huet sech 30 v. Chr. d'Liewe geholl.

Allerdéngs sinn d'Réimer am Orient och op Resistenze gestouss, an et huet dräi Kricher gebraucht, fir de Kinnek vu Pontos, de Mithridates VI., am 1. Joerhonnert ze schloen. De Pompeius huet 63 v. Chr. d'Seleukideräich ofgeschaf, an den Orient no réimeschem Modell nei organiséiert. D'hellenistesch Welt gouf zu engem Terrain fir d'Ambitioune vun de verschiddene Genereel vun der réimescher Republik[6] bis zu der entgülteger Victoire vum Octavian.

Parallel dozou ass de politeschen Afloss vun de Seleukiden an Zentralasien, Persien a Mesopotamien no der Herrschaft vum Antiochos III. (223-187 v. Chr.) brutal gefall. Dësen hat nach d'Mëttel, eng Expeditioun bis un d'Grenze vun Indien op d'Been ze stellen. Ënner der Herrschaft vu sengem Jong konnten d'Seleukiden emol net méi den Opstand vun de Makkabäer a Palestina zeréckgeschloen. D'Parther déi agefall sinn, hunn dës politesch Dekompositioun beschleunegt an um Ufank vum 1. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Seleukiden nëmmen nach Syrien iwwereg gehat.

De permanente politesche Kader: Kinnekräicher a Poleis änneren

D'hellenistescht Kinnekräich, eng absolut Monarchie änneren

 
Lagidesch Kinnigin (vläicht d'Kleopatra II. oder d'Kleopatra III.) als Isis.

D'hellenistesch Monarchie war perséinlech. Dat heescht datt de Kinnek dee war, deen duerch seng eege Leeschtungen, déi meeschtens militäresch waren, a säi Behuelen, un den Titel Basileus ("Kinnek") komm ass. Sou war eng militäresch Victoiren dacks de legitimen Akt, fir op den Troun ze kommen, an iwwer eng Provënz oder e Staat ze herrschen. D'Seleukiden hunn d'Eruewerung vu Babylon duerch de Seleukos I. am Joer 312 benotzt, fir hir Presenz a Mesopotamien ze legitiméieren, oder och d'Victoire iwwer de Lysimachos 281 fir hir Revendikatiounen op Thrakien ze rechtfertegen. D'Kinneke vu Bithynien hunn aus der Pseudo-Victoire vum Nikomedes I. aus dem Joer 277 profitéiert, fir vis-à-vis vun de Galater hir Herrschaft ze legitiméieren[7].

An dëser Monarchie gouf et keng kloer Ierfschaftsreegelen, a sou koum et dacks zu Streidereien an Ermuerdungen, wa méi wéi een Ierwen a Fro komm ass. Et gouf och keng fundamental Gesetzer oder Texter, déi d'Muecht vum Kinnek reglementéiert hunn. Alles koum vum Kinnek, a besonnesch d'Gesetzer huet hie selwer opgestallt. Dësen absolutten a perséinleche Charakter vun der hellenistescher Monarchie war gläichzäiteg d'Stäerkt an d'Schwächt vun dëse Kinnekräicher, well et extreem vun der Perséinlechkeet vum Herrscher selwer ofgehaangen huet. Sou war et och wichteg, bis op Makedonien, wou d'Monarchie eng al Institutioun war, fir sech Ideologien opzebauen, fir d'Dominatioun vu makedoneschen a griicheschen Dynastien iwwer Vëlker, déi näischt mat dëser Zivilisatioun ze dinn haten, ze rechtfertegen. D'Lagide goufen zu Pharaonen an den Ae vun den Egypter, a ware sou gescheit, sech mam Klerus duerch grouss Spenden un d'Tempele guttzehalen.

Déi Kinneken haten d'absolut Muecht mä haten doduerch och vill Flichten, wéi sech Kollaborateuren ze sichen, d'Feinden ze schloen, hir kinneklech Natur duerch hiert Behuelen ze beweisen, an hir Funktioun duerch eng Divinatioun vun hirer Persoun ze legitiméieren. Am klasseschen Zäitalter, war de Modell vun der Monarchie, dee vun de Philosophe verworf gouf asiatesch ; am hellenisteschen Zäitalter war de Modell griichesch.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hellenistesch Monarchie.

E gëllenen Zäitalter fir d'Polis ? änneren

Am Verglach mam klasseschen Zäitalter gëtt gär vun engem Néiergang vun der Polis an der hellenistescher Period geschwat. Allerdéngs ass et besser, dëst net ze verallgemengeren. Sparta, Athen an Theben waren Eenzelfäll vun imperialistesche Poleis, mä d'grouss Majoritéit vun de griichesche Poleis am 5.-4. Joerhonnert v. Chr. huet sech hirer oder der Autoritéit vun den Achämenide misse fügen.

 
Maquette vu Pergamon, Pergamon-Museum, Staatliche Museen zu Berlin.

Dës Situatioun war identesch am hellenisteschen Zäitalter, och wann d'imperialistesch Muecht vun de Stied net méi existéiert huet (Athen) oder definitiv gebrach gouf wéi fir Sparta 222 v. Chr.[8]. Eng Partie Poleis hu sech a grousse Federatiounen zesummegedo, wéi d'Achaiiaesch oder Aitolesch Liga. Anerer konnten iwwer eng laang Zäit hir Onofhängegkeet behalen, wéi Rhodos. Vill Poleis hunn och mat de Konflikter ënner den Herrscher gespillt, fir - och wann et nëmme provisoresch war - hir Onofhängegkeet ze behalen, déi fir si ganz wichteg war.

An der Realitéit huet d'Unzuel vun de Poleis an dëser Period souguer däitlech zougeholl. D'hellenistesch Monarchen hu vill Stied an hire Kinnekräicher gegrënnt, ugefaange mat hiren Haaptstied[9]. D'Seleukiden hu Stied um iranesche Plateau gegrënnt[10], a Mesopotamien[11] a verschidde Stied mam Numm Seleukia a Syrien. D'Lagide waren Zypern aktiv[12] souwéi a Klengasien. Deelweis goufe griichesch Stied duerch e Monarch och einfach nei gegrënnt[13], oder och eenheimesch Stied a griichesch Stied transforméiert[14]. Wéineg Stied goufe wierklech ex nihilo gegrënnt, bei de meeschten neie Poleis gouf einfach eng eenheimesch Plaz geholl, oder sech an dëser Géigend installéiert.

Déi meescht Grënnunge goufen um Ufank vun der hellenistescher Period tëscht den Eruewerunge vum Alexander an der Mëtt vum 3. Joerhonnert gemaach, zu de gréisste Baumeeschter hunn d'Seleukide gezielt. Dat éischt Zil wat net d'Hellenisatioun, wat éischter eng Konsequenz war, mä e militärescht a strategescht Zil: an de Stied gouf eng Garnisoun installéiert, fir den Territoire oder eng Handelsstrooss ze kontrolléieren. A Griicheland koum ausserdeem dobäi, datt sech déi kleng Stied zesumme wollte setzen, fir eng méi zolidd Eenheet duerzestellen. Natierlech gouf et och e politesche Wëlle vun den Herrscher, fir duerch hir Haaptstied hir Muecht an de Lännereien ze festegen. Manner wichteg waren natierlech och d'Wirtschaftsbezéiungen.

 
Stoa vum Attalos op der ëstlecher Säit vun der Agora zu Athen.

Verschidde Stied hate vun Ufank un eng zolidd Gréisst[15], mä vill Stied waren einfach militäresch Befestungen, a sinn eréischt am 2. Joerhonnert v. Chr. zu richtege Stied ginn[16]. Net all Grënnung war erfollegräich, a verschidde Plaze goufen och nees verlooss.

D'Kinneken hu keng einfach Stied gegrënnt, mä wierklech Poleis nom klassesche griichesche Modell. Dëse Modell huet sech an de Communautéite vun Zentralasien a Phenizien verbreet, déi helleniséiert goufen. D'Liewen, iwwer dat duerch vill Texter e groussen Deel bekannt ass, war räich. Et schéngt es, wéi wann d'Oligarchie ëmmer méi ofgeholl huet, wouvun d'Demokratie profitéiert huet, déi zu enger Norm an der hellenistescher Welt ginn ass. E globale Konsens, deen heiansdo vu Biergerkricher ënnerbrach gouf, ass zustan komm. D'Bindung zu der Polis war nach ëmmer ganz staark, a vill Bierger hunn net gezéckt, zu de Waffen ze gräifen, fir hir Onofhängegkeet ze verdeedegen.

Komplex Bezéiungen tëscht Kinneken a Poleis änneren

 
Widmung un de Ptolemaios VI. Philometor, Mëtt vum 2. Joerhonnert v. Chr.

D'Bezéiungen tëscht den hellenistesche Kinneken an de Poleis, déi si dominéiert hunn, oder versicht hunn ze dominéieren, ware komplex. Generell hu sech d'Poleis géint d'absolut Autoritéit vun de Kinneke gewiert. Allerdéngs huet dëst dacks vum och dovun ofgehaangen, wéi de Muechtrapport tëscht deenen zwee war. Generell hat e Kinnek d'Recht, eng Polis déi hien eruewert hat, ze zerstéieren, mä meeschtens gouf eng Eenegung fonnt, an d'Polis gouf méi oder manner gewollt zu enger Alliéierter vum Kinnek. Et muss een tëscht ville klenge Poleis ënnerscheeden, iwwer déi de Kinnek eng grouss Kontroll hat[17], an déi och als Deel vum kinneklechen Territoire konnte weidergi ginn, an anere Stied, déi zwar dem Kinnek ënnerstallt waren, awer eng grouss Autonomie behalen hunn. Dëst war meeschtens de Fall fir d'Poleis aus der Egäis, déi dacks laang virun den hellenistesche Kinnekräicher gegrënnt gi waren.

D'Rapporten tëscht Kinnek a Polis waren duerch e politesche Modell dominéiert, deen euergeteschen Handel genannt gëtt: e wohltätege Kinnek géint Éieren, déi d'Stad him bruecht huet. Dëse Modell gouf zur Norm fir d'Bezéiungen tëscht Monarch a Polis. De Kinnek gouf als mächtegen Herrscher duergestallt, dee wohltäteg fir d'Stad war, d'Stad beschützt huet an e Garant vun hirer Properitéit war. D'Polis huet hiren Devouement proklaméiert, wat fir de Kinnek e Mëttel war, seng Legitimitéit ze stäerken, him Statue gebaut an zum Deel och kultesch Éiere bruecht. Den Euergetismus war sou den ideologeschen Haaptkader an de politesche Bezéiungen tëscht Kinneken a Poleis. Et koum och fir, datt sech den Euergetismus a Stied manifestéiert huet, déi net zu der Aflosszon vum Kinnek gehéiert hunn. Sou gouf Rhodos vun allen hellenistesche Monarchen nom schlëmmen Äerdbiewe vun 227 v. Chr. ënnerstëtzt. D'Attaliden hunn eng Partie Monumenter zu Athen finanzéiert[18], dorënner déi berüümte Stoa vum Attalos, déi am 19. Joerhonnert duerch d'amerikanesch archeologesch Schoul vun Athen nees opgebaut ginn ass.

D'Poleis stounge seelen an der éischter Rei, mä hunn an der hellenistescher Welt - wat e weideren Unitéitsfakteur war - hir Identitéit an hir Traditioune vis-à-vis vun de Kinneken erhalen.

Unitéit an Diversitéit an der hellenistescher Zivilisatioun änneren

Hellenisatioun: Sproochen a Koexistenz vun de Kulturen änneren

D'Koiné änneren

 
D'Kleopatra VII. am Kleed vum Pharao op enger griichescher Sail, 51 v. Chr.

D'Fro no de Rapporten tëscht Griichen a Makedonier op der enger Säit a mat den netgriichesche Vëlker op der anerer Säit huet sech a Griicheland oder a Makedonien ënner der Dominatioun vun den Antigoniden natierlech net gestallt. Mä an Asien, an de seleukideschen Territoiren oder an Egypten war déi breet mass vun den Awunner net griichesch. Dës heemesch Bauere ware gréisstendeels fräi, mä ënnerstoungen awer der kinneklecher a steierlecher Administratioun. An dësem Punkt waren d'hellenistesch Kinnekräicher net vill anescht wéi hir Virgänger am Noen Osten, bis op ee Punkt: dës Dynastie ware Friemherrschaften duerch hiren Ursprong, hir Liewensart a virun allem hir Sprooch.

Sou hunn d'griichesch Besatzer refuséiert, déi lokal Sproochen ze léieren, an hunn d'griichesch Sprooch als Kommunikatiounsmëttel fir d'Steieren, d'Administratioun, d'Militär an d'Politik gefuerdert. D'Kleopatra VII., déi vill Sprooche geschwat huet, schéngt hei eng Ausnam bei de Lagiden gewiescht ze sinn. D'egyptesch an d'jiddesch Elite souwéi déi grouss Notabelen a Klengasien hunn ugefaangen, griichesch ze schwätzen[19]. Dëse Phenomeen hat am 4. Joerhonnert a Klengasien scho virun den Eruewerunge vum Alexander ugefaangen. An de Kinnekräicher ronderëm d'hellenistesch Welt[20] hunn d'Herrscher heefeg versicht, hire Philhellenismus ënner Beweis ze stellen, a mat hire Sujeten op griichesch kommunizéiert. Verschidden anatolesch Sprooche si verschwonnen, op d'mannst an de schrëftlechen Dokumenter. D'Griichescht gouf lues awer sécher d'Sprooch vun der Politik, der Administratioun, der Diplomatik an der Kultur.

 
Representatioun vum Buddha, e Beispill fir d'griichesch-buddhistesch Konscht vum Gandhara, 2.-1. Joerhonnert v. Chr.

D'griichesch Sprooch konnt sech souguer nach eng Zäitchen duerchsetzen, wéi d'politesch Dominatioun vun der hellenistescher Welt net méi wéi e Souvenir war, sou zum Beispill am Nordweste vun Indien an an Zentralasien. Um Site vun Ai Khanoum um Oxus a Baktrien goufen Iwwerreschter vun enger kinneklecher Trésorerie fonnt, mat Archiver op griichesch. En anert Beispill war d'Stad Alexandria an Arachosia, wou eng kosmopolitesch Bevëlkerung gelieft huet, an déi am 4. Joerhonnert ënner d'Dominatioun vun de Maurya gefall ass. De berüümtsten Herrscher vun dëser Dynastie, den Ashoka, huet Edikter a sengem ganze Räich gravéiere gelooss. Eng grouss Partie dovu goufen zu Alexandria an Arachosia erëmfonnt, a waren deels op aramäesch a virun allem op griichesch. An engem vun dësen Edikter huet de Keeser d'buddhistesch Prinzipien opgeschriwwen[21].

Och wann d'Adaptatioun vun den Edikter vum Ashoka fir d'Griichen a sengem Räich geduecht war, sou waren aner Texter, déi op griichesch iwwersat goufen, fir Net-Griiche geduecht. Sou zum Beispill d'Tora[22] déi aus dem hebräeschen an d'griichescht am 3. Joerhonnert iwwersat ginn ass, eng Initiativ déi dem Kinnek Ptolemaios III. zougeschriwwe gëtt[23], dee wollt datt seng Geriichter e Code op griichesch hätten, fir de Judden eng Justiz no hirem Gesetz ze bidden. D'Tora gouf an de Synagogen och op griichesch gelies, wat en Indiz vun der Penetratioun vun dëser Sprooch bei de Judde vun der Diaspora ass.

Am klasseschen Zäitalter war d'griichesch Sprooch a vill Dialekter ënnerdeelt, déi enger Regioun hir Identitéit ginn hunn[24]. Am hellenisteschen Zäitalter huet sech vum Mëttelmier bis zum Indus dKoiné duerchgesat, déi aus dem ionesch-atteschen entstanen ass. Déi al Dialekter sinn a Griicheland och an den offiziellen Dokumenter weider benotzt ginn, mä iwwerall soss huet sech d'Koiné duerchgesat. An dëser Sprooch goufe och d'Wierker vun den hellenisteschen Auteure geschriwwen, ob si griichesch waren oder net. Dat "klassescht" algriichesch war eng Kreatioun vum Hellenismus, déi sech op d'athenesch Ierfschaft vum klasseschen Zäitalter baséiert huet.

Eng Mëschung vun de Kulturen ? änneren

 
De Serapis mam Modius um Kapp, Kopie vun der Büst vum Bryaxis fir de Serapeion vun Alexandria.

Wa sech d'Sprooch verbreet huet, wéi war et mat der griichescher Liewensart ? Wéi hu sech d'Griiche vis-à-vis vun de Kulture beholl, déi si gouvernéiert hunn ?

Fir dat aalt Egypten gëtt et eng prezis Äntwert, hir Zivilisatioun war souguer an den Ae vun de Griiche prestigiéis. D'egyptesch Kulten hu sech am Mëttelmierraum an dëser Period verbreet. De Kult vun der Isis am 1. Joerhonnert v. Chr. konnt a Phönikien, Klengasien, Griicheland, Kyrenaika, Sizilien a bis op Roum nogewise ginn. Am Joer 70 n. Chr. ass den Isiskult och bis a Gallien an a Baetica komm[25]. Dës Diffusioun vun den orientalesche Kulten, meeschtens och griichesch Adaptatioune vun orientalesche Gottheeten[26], ass vun den egyptesche Griichen a vun den Egypter ronderëm d'Mëttelmier ausgaangen.

Et schéngt es allerdéngs, wéi wann d'Egypter net vun der hellenescher Liewensart begeeschtert waren. Natierlech hunn d'egyptesch Eliten, virun allem d'Paschtéier, nieft der Sprooch och e griicheschen Numm ugeholl, souwéi d'griichesch Gouvernements-Praktiken. Deelweis hu si och um griichesche Kult deelgeholl, opmaannst un deem fir den Herrscher. Mä déi grouss Mass vun der Bevëlkerung huet sech net mat der griichescher Kultur a Relioun befaasst. D'Lagiden hunn d'Privileegie vun den Tempelen an d'heemesch Kulte respektéiert, a goufe sou an den Ae vun hire Sujeten Herrscher, déi de pharaonesche Modell vun der Monarchie ugeholl hunn. Et schéngt es och, wéi wann eng Partie Griichen, déi an Egypte gewunnt hunn, verschidden egyptesch Kulten ugeholl hunn, wéi zum Beispill Begriefnesritualer. Gemëscht Hochzäite waren net seelen (ausser an der kinneklecher Dynastie), a vill Leit haten en duebelen Numm, en egyteschen an e griicheschen. Sou gouf et zu Edfu en Offizéier, dee bei de Griichen Apollonios genannt gouf, bei den Egypter Pashou[27]. An engem Land wou d'ethnesch Identitéit schwéier z'etabléiere war, an dacks duerch d'Sprooch bestëmmt war, war d'duebel Kultur staark verbreet, op jiddwer Fall an de méi héije soziale Klassen. D'Geriichter vun egypteschem a griicheschem Recht hunn zesummegeschafft, an u wéiee Geriicht ee geschriwwen huet, huet eigentlech nëmmen dovun ofgehaangen, a wéi enger Sprooch de Kontrakt war, ëm dee gestridde gouf (Handelsvertrag, Hochzäitsvertrag asw.). Global huet d'Identitéit virun allem dovun ofgehaangen, wéi sech den Eenzele beholl huet, wat seng reliéis, politesch a kulturell Praktike waren, a wéi e vun den anere Leit gesi gouf: Griich war een, wann ee vun de Griiche sou ugesi ginn ass. D'Judden, déi an Egypte gelieft hunn, a griichesch geschwat hunn, goufe mat den Hellenen an een Dëppe gehäit.

Iwwer Phönikien, Syrien, Mesopotamien an Zentralasien ass manner gewosst. Och wann eng Partie heemesch Sproochen op d'mannst aus de schrëftlechen Dokumenter verschwonne sinn, sou huet d'aramäesch Sprooch sech awer behaapt. D'Seleukiden hunn allgemeng déi lokal Relioune respektéiert[28], souwéi och déi lokal politesch Konzepter, wéi dee vun der Monarchie a Mesopotamien. Et ass gutt méiglech, wéi zum Beispill zu Ai Khanoum a Baktrien, datt et an de Stied eng gemëschte Kultur gouf, virun allem an der Relioun an an der Architektur. A Palestina huet d'Hellenisatioun zu Spannungen an der Bevëlkerung gefouert, ënner anerem am 2. Joerhonnert v. Chr. ënner den Hasmonäer.

 
Den Eros als Harpokrates, Myrina, Ufank vum 1. Joerhonnert v. Chr.

D'griichesch Liewensart huet sech mat der Entwécklung vun de Poleis wäit verbreet. Déi al Handelsrivalitéit tëscht Griichen a Phönikier war zwar net aus der Welt geschaf, mä de politeschen a kulturellen Hegemonismus vun de Griiche war sou staark, datt verschidde Phönikier hir Kanner als Epheben op Athen geschéckt hunn, an u Concoursen a Griicheland deelgeholl hunn. Dëst seet aus, datt si wéi Griichen ugesi goufen. Vill Phönikier mat griichescher Kultur, oder Griichen déi zu Sidon gewunnt hunn, hunn op d'mythologesch Bezéiungen tëscht Sidon, Argos an Theben opmierksam gemaach. A Syrien huet de Bau vun der grousser Metropol vun de Seleukiden, Antiochia, zu der Hellenisatioun vun dëser Regioun bäigedroen, a war och déi lescht Bastioun vun der Dynastie am 1. Joerhonnert v. Chr.

A Klengasien huet d'Entwécklung vun de Poleis a Karien an a Lykien am 4. Joerhonnert v. Chr. huet de ganze westlechen Deel vun Anatolien betraff, mä ni wierklech d'Banneland. Net-griichesch Vëlker hunn dacks spontan d'Herrscher gefrot, fir kënne an enger Polis ze wunnen. Dëst setzt nieft der Sprooch och eng Gewunnecht mat der griichescher Politik an der Educatioun viraus, et goufen och vill Gymnase gebaut. Mä och wann d'Stied a Klengasien Tempelen, Agoraen an Theateren haten, sou sinn awer hir Traditiounen net verschwonnen. A Phönikien konnt dat selwecht festgestallt ginn. Sou ass de Fall vun engem Awunner vu Sidon bekannt, den Diotimos, deen zu Argos d'Concourse gewonnen hat, an de phönizeschen Titel Sophet ("Riichter") hat[29]. Ënner dem griichesche Lack si lokal Funktiounen a Gewunnechte weiderhi bäibehale ginn.

Et ass schwéier, d'Realitéit an d'Déift vun der Hellenisatioun ze generaliséieren. D'Situatioune ware verschidde jee no Kinnekräich, no Provënz an deelweis och no den Eenzelpersounen. Deelweis gouf et och staark helleniséiert Regiounen (virun allem d'Stied), déi direkt u Regioune louchen, an deenen de Phenomeen nëmmen uewerflächlech war. Déi grouss Diversitéit bei de Quelle féiert zu enger grousser Virsiicht, wann ee vun Hellenisatioun oder Akkulturatioun schwätzt. D'griichesch Kultur war allerdéngs zimmlech dominant, an dësen Aspekt huet och nach no der réimescher Eruewerung Bestand gehat.

Zirkulatioun vun Iddien a vu Leit änneren

Wärend der hellenistescher Period koum et zu engem Accroissement vun der Zirkulatioun vu Wueren, vun Iddien a vu Leit, déi an dëser Regioun sou nach net do war.

Un éischter Linn stoungen d'Zaldoten, déi sech iwwer Dausende Kilometer deplazéiert hunn. An dëser Zäit koum et och zu enger Entwécklung vum Sëldnertum. Sou hunn d'Awunner vu Sagalassos a Pisidien laang Zäit Sëldner gestallt, virun allem fir d'Lagiden. Mä och d'Artisten an d'Philosophe si wäit gereest, sou zum Beispill de Klearchos vu Soloi, e Schüler vum Aristoteles, deem seng Presenz zu Ai Khanoum attestéiert ass. D'Kanner vun Notabele goufen dacks an déi grouss griichesch Stied geschéckt (Athen, Delphi asw.) fir hei en Enseignement an der Rhetorik ze kréien, déi fir eng politesch oder diplomatesch Carrière noutwenneg war. E gewëssene Moschiôn, Bierger vu Priene, huet seng Stad an de Concourse vun de Stied ronderëm vertrueden, a gouf duerno Ambassadeur bei de Seleukiden, an Egypten a spéider zu Roum. Et schéngt es, wéi wann hie bis op Petra an Arabien komm wier[29]. Identesch Carrière waren näischt aussergewéinleches, a sinn dacks virkomm.

Och d'Dokteren, Artisten a Magistrate si gereest. Verschidde Stied haten et souguer léiwer, wann e Riichter aus enger anerer Stad de Fall iwwerholl huet, well dës zum Deel manner virageholl waren, oder manner ënner Drock gesat goufen. Heiduerch ass et och sécher zu engem Rapprochement tëscht de juristesche Praktiken tëscht de Stied komm. Aus wéi engem Grond och ëmmer e Griich an enger anerer Stad wéi senger eegener war, wann hie seng Saach hei gutt gemaach huet, gouf seng Presenz mat engem Dekreet geéiert. Dacks goufen dës diplomatesch Relatiounen duerch d'Mythologie verstäerkt. Well all Stad behaapt huet, vun engem mythologeschen Heros ofzestamen, an d'griichesch Mythologie immens komplex ass, war et net schwéier, gemeinsam Virfahren ze fannen. Wéi déi kleng Stad Kytenion (Dorier) eng Ambassade an d'Haaptstad vu Lykien, Xanthos, geschéckt huet, hu si sech Méi ginn, e gemeinsame Virfahren ze fannen: den Apollo soll zu Xanthos op d'Welt komm sinn, an zu gläicher Zäit de mythesche Virfahre vun de Kytenier gewiescht sinn[29]. Dës Praktike goufen immens eescht geholl an enger Zäit wou Mythos a Geschicht net ënnerscheet goufen, an et wichteg war ze beweisen, datt een en homereschen Heros als Virfahren hat. De Geste vum Alexander, deen, wéi e knapps an Asien ukomm war, den Apollo an de Patrokles geéiert huet, ass e weideren Zeie vun deem Gedanken.

Den Handel änneren

 
Nike vu Samothrake, Rhodos, 2. Joerhonnert v. Chr.

Wat d'Ekonomie ugeet, sou goufen an der hellenistescher Period d'Suen ëmmer méi benotzt, besonnesch d'Sëlwermënzen. D'Diadochen hunn d'Sëlwermënzen, déi den Alexander agefouert hat, iwwerholl, an hunn doraus d'Währung vun der hellenistescher Welt gemaach. All Herrscher huet zwar seng eege Mënze gedréckt, mä si haten all dat selwecht Gewiicht, an hu sech vun engem Territoire an den nächste verbreet, ouni datt een huet misse Sue wiesselen. Dëst huet den Handel natierlech vereinfacht. Am 2. Joerhonnert v. Chr. hunn d'Lagiden an d'Attaliden allerdéngs op hirem Territoire verlaangt, datt nëmmen nach hir Mënze géife benotzt ginn. Duerch de Geldwiessel konnte si e grousse Gewënn maachen, well getosch gouf 1 zu 1, obschonn hir Mënze manner Gewiicht haten, wéi déi aner Mënze vun dëser Zäit. Fir d'alldeeglech Akeef hunn d'Herrscher eng Mënz aus Bronze drécke gelooss, déi eng reng lokal Roll gespillt huet.

Am internationalen Handel koum et zu wichtegen Erneierungen. Och wann d'Produiten net wierklech changéiert hunn (Weess, Wäin, Ueleg, Sklaven), sou hunn d'Distanze staark zougeholl, d'hellenistesch Gesellschaften, déi hu misse versuergt ginn, si bis un d'Diere vun Indien gaangen. Egypten huet Wäi vu Gaza, Chios, Thasos oder Knidos importéiert, éier si eng eege Wäikultur opgebaut ginn ass. Olivenueleg gouf bis an Zentralasien exportéiert, wou keen Ueleg produzéiert ginn ass.

D'Zentre vum hellenisteschen Handel hu sech verännert. Alexandria war en enormt Lager fir d'egyptesch Wueren, mä och d'Entrée fir déi ander Staate vum egyptesche Maart. Bis 168 v. Chr. war Rhodos den Haapthafen an der Egäis an e wichtegen Zentrum fir d'Redistributioun vum Weess. Politesch komplett onofhängeg huet Rhodos och net gezéckt, seng Handelsfräiheet mat de Waffen ze verdeedegen. Sou huet sech d'Insel géint d'Piraterie gewiert, a sech 220 v. Chr. souguer mat Byzanz ugeluecht. Fir Rhodos fir seng Neutralitéit ze bestrofen, huet Roum, wat am Konflikt mat Makedonien war, aus Delos e Fräihafe gemaach. Sou gouf aus Delos den Haaptpunkt vum ägäeschen Handel, an och den Haaptsklavemaart vun der Regioun bis zu der Zerstéierung duerch de Mithridates am Joer 88 v. Chr. Kontinentalgriicheland war an enger déiwer wirtschaftlecher Kris baussent der ägäescher Welt. Déi verschidden hellenistesch Räicher hu gréisstendeels hir Produite selwer produzéiert. Griicheland huet nach ëmmer vill Fruucht gebraucht, an d'Präisser sinn an d'Luucht gaangen. Ausserdeem gouf nëmme wéineg Wäin an Ueleg exportéiert, souwéi Luxusproduiten, déi d'Handwierk zu Athen a Korinth um Liewe gehalen hunn. Sou koum et zu enger konstanter Aarmut vun der Bevëlkerung, an d'Léin si gefall. Fir vill fräi Leit war et schwéier eng Aarbecht ze fannen, déi eenzeg Léisung war d'Sëldnertum[30].

Wat den Handel am Persesche Golf, am Roude Mier oder an Zentralasien ugeet, sou ass duerch e Manktem un Dokumenter nëmme wéineg iwwer den Handel an dëse Regioune bekannt. D'Historiker hunn d'Tendenz de groussen internationalen Handel ze minimiséieren, a virun allem op eng Opdeelung vun de Mäert opmierksam ze maachen (Delos huet bal nëmmen Handel mat der Egäis bedriwwen, an nëmme wéineg mam Orient) souwéi d'Wichtegkeet vum regionalen Handel z'ënnersträichen.

Hellenistesch Konscht änneren

 
Elementer vun engem Diadem aus dem 3. Joerhonnert v. Chr.

Laang Zäit gouf d'hellenistesch Konscht als mannerwäerteg am Verglach mam klasseschen Zäitalter ugesinn, dës Meenung huet sech hautdesdaags allerdéngs verännert. D'Multiplikatioun vun hellenistesche Kinnekräicher huet zu enger Diffusioun vun artistesche Praktiken an Techniken an der Architektur, der Skulptur an an der Wandmolerei gefouert.

Artistesch Erfindunge goufen och net méi exklusiv a Kontinentalgriicheland gemaach: sou ass zu Pergamon den "hellenistesche Barock" opkomm, wouvun zum Beispill de monumentale Pergamonaltor. Rezent archeologesch Entdeckungen hu Wandmolereien zu Vergina (Aigai) a Makedonien gewisen, souwéi och a Bulgarien.

An dëser Period gouf och ëmmer manner op Vase gemoolt, an et gouf méi an der "klenger" Konscht geschafft: Metallaarbechten, Elfebeen oder och Glas, Mosaik asw. D'Tounfiguren hunn de reliéise Kader verlooss, an et goufen éischter Zeenen aus dem alldeegleche Liewe representéiert, allerdéngs och "Groteske" wéi zu Smyrna oder Alexandria, déi d'"klassesch griichesch Schéinheet" a Fro gestallt hunn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Hellenistesch Konscht.

Bilan änneren

D'Enn vum lagidesche Räich vun Egypten duerch de Selbstmuerd vun der leschter Herrscherin Kleopatra 30 v. Chr. huet de Réimer erlaabt, d'ganzt Mëttelmier ze kontrolléieren, a war domat och d'Enn vun der hellenistescher Period. D'Réimer hunn d'hellenistesch Ierfschaft fir sech benotzt. Sou huet sech de Modell vun der Polis weider entwéckelt, och wann eng politesch Onofhängegkeet net méi méiglech war, an d'griichesch Sprooch ass déi dominant Sprooch am ëstlechen Deel vum Réimesche Räich bliwwen. D'griichesch Kutur huet sech bei der réimescher Elite sou verbreet, datt et zu enger gemeinsamer Kultur komm ass, déi aus der hellenistescher Welt eraus entstanen ass, an déi sech am Räich duerchgesat huet. Aneschters war et baussent den ëstleche Grenze vum Réimesche Räich. Nodeem d'Parther Mesopotamien am 1. Joerhonnert eruewert haten, an d'Griichesch-Baktrescht Kinnekräich gefall war, ass och d'politesch, d'kulturell an d'wirtschaftlech Dominatioun vun der griichescher Welt op en Enn gaangen. D'hellenistesch Ierfschaft ass zwar nach an der Konscht bestoe bliwwen, allerdéngs war dëst nëmmen nach e klengen Deel an enger Kultur wou d'asiatesch an indesch Elementer nees méi wichteg gi sinn.

Literatur zum Theema änneren

  • Pierre Cabanes, Le Monde hellénistique de la mort d'Alexandre à la paix d'Apamée, Éd. du Seuil, Paräis, 1995. (ISBN 2-02-013130-7)
  • Andrew Erskine (Ersg.), Le Monde hellénistique, Presses universitaires de Rennes, Rennes, 2004. (ISBN 2868478751)
  • Édouard Will, Histoire politique du monde hellénistique 323-30 av. J.-C., Éd. du Seuil, Paräis, 2003. (ISBN 202060387X)
  • Pierre Fröhlich, Les Grecs en Orient, Documentation photographique, N. 8040, 2004.
  • Pierre Lévêque, Le Monde hellénistique, Pocket, Paräis, 2003. (ISBN 2266101404)
  • Francis Prost, L'Orient méditerranéen de la mort d'Alexandre aux campagnes de Pompée. Cités et royaumes à l'époque hellénistique, PUR-Pallas, Rennes, 2003 (ISBN 2868478409)
  • Michel Rostovtseff, Histoire économique et sociale du monde hellénistique, Robert Laffont, Paräis, 1989.

Um Spaweck änneren

Commons: Hellenistesch Konscht – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten änneren

  1. Johann Gustav Droysen, Geschichte des Hellenismus (1836 an 1843).
  2. De Paul Veyne schwätzt vun engem Empire gréco-romain.
  3. Lagiden, Seleukiden, Antigoniden, Attaliden asw.
  4. Vgl. Antigoniden.
  5. Klengasien, Syrien, Mesopotamien.
  6. Schluechte vu Pharsalos, Philippi a Actium.
  7. "Pseudo-Victoire" dowéinst, well den Nikomedes seng Géigner eigentlech net um Schluechtfeld geklappt huet, mä duerch eng Konzessioun vun aneren Territoiren eng Allianz agaangen ass.
  8. Néierlag vum Kinnek vu Sparta, Kleomenes III., géint d'Makedonier an d'Achaiiesch Liga.
  9. Alexandria, Antiochia, Seleukia oder och Pergamon.
  10. Apameia, Laodikeia.
  11. Neapolis.
  12. Neapaphos, Arsinoe.
  13. Sikyon gouf vum Demetrios I. Poliorketes an Demetrias nei gegrënnt.
  14. Damaskus gouf zu Arsinoeia.
  15. Antiochia, Alexandria, Pergamon, Seleukia um Tigris oder och Ai Khanoum an Zentralasien.
  16. Dura Europos oder Seleukia um Euphrat.
  17. Presenz vu kinneklechen Truppen a Fonctionnairen, en Tribut huet misse bezuelt ginn asw.
  18. Duerch eng gutt Diplomatie an de Prestige vun der Stad konnten d'Athener hir Stad wärend dem Hellenismus verschéineren.
  19. D'Koiné, d'gemeinsam griichesch Sprooch.
  20. Kappadokien, Pontos, Kommagene, Parthia.
  21. M. Clair, Comptes rendus des séances de l'Académie des inscriptions et Belles Lettres, 1964, S. 140-141.
  22. Och als Septuaginta bekannt, well d'Iwwersetzung 70 Leit zougeschriwwe ginn ass.
  23. M. Sartre, D'Alexandre à Zénobie. Histoire du Levant antique, Fayard, 2001.
  24. böotesch, ionesch, arkadesch asw.
  25. Laurent Bricault, Atlas de la diffusion des cultes isiaques. Mémoires de l'Académie des Belles Lettres, De Boccard, 2001.
  26. De Serapis zum Beispill war de Gott Oser-Api vun den Egypter.
  27. Pierre Frohlich, Les Grecs en Orient, l'héritage d'Alexandre, Documentation photographique, Dossier 8040, 2004, S. 9-14.
  28. Eng Ausnam war hei den Antiochos IV. mat de Judden aus Palestina.
  29. 29,0 29,1 29,2 Pierre Frohlich, op.cit.
  30. Pierre Lévêque, Le Monde hellénistique, Armand Colin, 1969, S. 21-22.