D'Demer ass e klenge belsche Floss an de Provënze Limburg a Flämesche Brabant. En huet eng Längt vun 80 km a leeft op där Streck 30 Meter biergaf.

D'Demer zu Hasselt
D'Demer beim Schlass 't Loye
Zesummefloss vun der Demer an derDijle bei Werchter (riets ass d'Dijle)

D'Demer huet hir Quell bei der klenger Uertschaft Ketsingen tëscht Berg a Genoelselderen an der fréierer Grofschaft Berg.

Vun der Quell aus leeft se no Norden a Richtung Bilzen. E puer honnert Meter no der Quell leeft se duerch d'Schlassweiere vum Schlass vu Renesse, a gläich duerno kritt se vu lénks hiren éischten Niewefloss den ´s Herenelderenbeek.

Ongeféier 2 km hanner Bilzen kënnt vu riets de Munsterbeek dragelaf. Vun do un dréint de Floss dann no Westen a Richtung Hasselt, a kritt gläich duerno och nach vu riets d'Waasser vum Echelwater dobäi. Op der Héicht vu Schoonbeek kritt en eng Parti vu sengem Waasser ofgezaapt fir de Gruef vun der Waasserbuerg vu Schoonbeek ze fëllen, a gläich duerno leeft vu lénks de Marebeek dran.

Zu Hasselt leeft d'Demer an engem Siphon ënner dem Hafen erduercht.

Kuerz nodeem se ënner der Nationalstrooss 725 déi vu Kermt op Lummen féiert, erduercht ass, gëtt d'Demer agedäicht.

Bei Linkhout op der Héicht vum Schulens Meer dréint se dann no Südwesten. Do lafen och de Voortbeek an de Mangelbeek dran, an eng Parti vun hirem Waasser leeft duerch de Weier vu Schulens d'Schulens Meer vir duerno am Norde vun Halen just virum Zesummefloss mat dem Herk an der Gete, erëm dranzelafen.

Hei ass se och knapps 200 Meter vun der Quell vum Zwarte Water ewech, eng Baach déi bis op Diest parallel mat der Demer ass, éier se zu Diest draleeft.

Ronn 800 Meter virun der Provënzegrenz leeft d'Demer ënner der Autobunn A2 erduercht, a gëtt direkt duerno vu lénks vum Velp gefiddert.

E bësselche viru Langdorp lafen nach de Grote Laak an de Kleine Laak vu riets dran. Da geet et weider duerch Aarschot a 1500 Meter éiert se bei Werchter an d'Dijle leeft kënnt nach vu lénks d'Winge dragelaf.

Um Spaweck änneren

Commons: Demer – Biller, Videoen oder Audiodateien