Tennessee

Bundesstaat vun den USA
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tennessee
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: The Volunteer State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Nashville
Gréisst Stad: Memphis
Gouverneur: Bill Lee
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 36. Plaz
109.247 km²
2,2 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 16. Plaz
6.910.840 (2020)[1]
64,71/km²
Opgeholl als Memberstaat: 1. Juni 1796 (16ten)
Zäitzon: UTC-6/-5/-4

Den Tennessee ass e Bundesstaat vun den Vereenegt Staate vun Amerika.

Geographie a Bevëlkerung änneren

Den Tennessee ass de 36-gréisste vun de 50 US-Bundesstaaten. E grenzt am Norden un de Kentucky a Virginia, am Osten un North Carolina, am Süden un Georgia, Alabama an de Mississippi an am Westen un den Arkansas an de Missouri. D'Appalachen dominéieren den ëstlechen Deel vum Staat an de Mississippi River markéiert seng westlech Grenz. D'Haaptstad ass déi zweetgréisst Staat Nashville mat 654.000 Awunner (2015). E bësse méi grouss ass just nach Memphis (655.000 Awunner (2015)).[2]

2015 gouf geschat, datt 6,6 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 78,8 % als wäiss Amerikaner, 17,1 % als Afroamerikaner, 8,2 % als Hispanic/Latino, 1,8 % als asiatesch an 0,4 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

Ekonomie änneren

Zu den Haaptwirtschaftssecteure vum Tennessee zielen d'Landwirtschaft, d'Produktioun vu Gidder an den Tourismus. Gefliggel, Sojabounen a Ranner sinn dem Staat seng Haaptproduiten aus der Landwirtschaft; wichteg Exportgidder si Chemikalien, Transportekipementer an elektronesch Ekipementer.

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 44.621 US-Dollar pro Stot a 24.811 USD op de Kapp[1].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tennessee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Tennessee
  2. factfinder.census.gov: Annual Estimates of the Resident Population: April 1, 2010 to July 1, 2015 - 2015 Population Estimates