Edwin Hubble

US-amerikaneschen Astronom

Den Edwin Powell Hubble gebuer den 20. November 1889 zu Marshfield, Missouri, a gestuerwen den 28. September 1953 zu San Marino, Kalifornien, war en US-amerikaneschen Astronom.

Edwin Hubble
Gebuer 20. November 1889
Gestuerwen 28. September 1953
San Marino
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA
Educatioun University of Chicago,
Queen's College
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Kosmolog
Member vun American Philosophical Society, National Academy of Sciences

Liewen a Wierk änneren

Den Hubble huet Physik an Astronomie zu Chicago, a Rechtswëssenschaften zu Oxford studéiert.

Nodeem hie schonn 1912 als Student um Flagstaff-Observatoire éischt Experienze mat der Relativvitess vun zwee Stäresystemer gemaach hat, konnt hien 1923 am Mount Wilson-Observatoire noweisen, datt den Andromedaniwwel M31 wäit baussenzeg vun eiser Mëllechstrooss läit. D'Resultater vu sengen Observatiounen a Berechnungen, Cepheids in Spiral Nebulae, leet hien zum Joresenn 1924/25 der Joressëtzung vun der US-amerikanescher Astronomevereenegung AAS vir, wou si den 1. Januar 1925 publik gemaach ginn.

Opgrond vun der raimlecher Verdeelung vun anere Galaxien, souwéi vun hiren, am Spektrum nowäisbare Routverrécklungen, ergëtt sech dem Hubble säi bekanntste Bäitrag zu der Astronomie: D'Entdeckung vun der Weltraum-Expansioun.

Den Hubble entdeckt, datt d'Spektre vu verschiddene Galaxien net zu gläichen Deeler an dat Rout oder an dat Blot verréckelt sinn, awer, datt et méi routverréckelt Spektre gëtt. Aus dem Dopplereffekt léisst sech dofir ofleeden, datt sech bal all observéiert Galaxië vun eis distanzéieren. Domat net genuch, den Hubble entdeckt och en direkte proportionellen Zesummenhank tëscht der Routverrécklung an der Distanz vun der observéierter Galaxis, wat bedeit, datt sech eng Galaxis, wat se méi wäit vun ons ewech ass, si sech méi séier vun eis fortbeweegt. Aus dësen Observatioune leet hien d'Expansioun vum Universum of, déi spéider mat dem Urknallmodell erkläert konnt ginn.

D'Gréisst, déi déi Expansioun beschreift, gëtt him zu Éieren Hubble-Konstant genannt. Si ass no aktuelle Miessunge vum WMAP am Joer 2003 71±4 km/s pro Megaparsec (1 Mpc ~ 3 Millioune Liichtjoer).

Den Hubble hat och d'Hubble-Sequenz, e morphologescht Uerdnungsschema fir Galaxien entwéckelt.

 
Hubble-Weltraumteleskop

Éierungen änneren

Literatur änneren

  • Alexander S. Sharov, Igor D. Novikov: Edwin Hubble. Der Mann, der den Urknall entdeckte. Basel, 1994, ISBN 3-7643-5008-3

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Edwin Hubble – Biller, Videoen oder Audiodateien