Den HD 219134 b ass en Exoplanéit, dee ronn 21 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech läit. Hie kreest ëm den Haaptreiestär HR 8832 (oder HD 219134) am Stärebild Cassiopeia. Et ass dee bannenzege vu véier – no aner Ënnersich sechs – bekannte Planéiten am Planéitesystem vum Stär.

Exoplanéit HD 219134 b
Kënschtleresch Duerstellung vum méiglechen Ausgesinn vun HD 219134 b mat enger stengeger an deelweis opgeschmolzener Uewerfläch.
Stärebild: Cassiopeia (Cas)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 23h 13m 16,97632s
Deklinatioun + 57° 10' 06,0823"
Visuell Magnitude
Spektraltyp K3V
Orbitdaten
Zentralstär HR 8832
Grouss Hallefachs 0,0382 (± 0,0003) AE
Exzentrizitéit 0,00 (± 0,13)
Ëmlafdauer 3,0937 (± 0,0004) Deeg
Ëmlafvitess
Physikalesch Eegenschaften
Radius 1,606 (± 0,086)
Mass: 4,47 (± 0,47) Äerdmass
Temperatur 800 K (527 °C, 980 °F)
Distanz a Liichtjoer 21,25 Lj
Geschicht
Entdeckungsmethod Radialvitessmethod
Entdeckungsjoer 30. Juli 2015

Entdeckung änneren

De Planéit gouf zesumme mat dräi weidere, ufanks am Kader vum Rocky Planet Search program mam Spektrograph HARPS-N um Telescopio Nazionale Galileo op La Palma duerch prezis Miessunge vun der Radialvitess vum Stär iwwer dräi Joer ewech nogewisen. Wéinst der stärnoer Bunn vum Planéit bestoung eng gewësse Warscheinlechkeet fir en Duerchgang vum HD 219134 b viru sengem Zentralstär.

Mam Spitzer-Weltraumteleskop vun der NASA ass et dann duerch Miessunge am Abrëll 2015 gelongen, tatsächlech den zousätzleche Nowäis vum Planéit mat der Transitmethod. D'Astronomenteam ëm de Fatemeh Motalebi vom Observatoire Genf huet den 30. Juli 2015 d'Entdeckung vum HD 219134 b an deenen dräi weidere Planéiten HR 8832 publizéiert. HD 219134 b ass dee bis elo sonnenoste Exoplanéit, dee mat der Transitmethod nogewise konnt ginn.

En zweet Astronomenteam ëm de Steven S. Vogt konnt onofhängeg de Planéit mat der Radialvitessmethod noweisen, mat Hëllef vun Observatioune mam Spektograph HIRES um Keck-Observatoire op Hawaii a mam Automated Planet Finder um Lick-Observatoire.

Eegenschaften änneren

Den HD 219134 b kreest op kuerzer Distanz ëm säin Zentralstär. Hie brauch dofir nëmme ronn dräi Deeg fir en Ëmlaf. Seng Mindestmass ass ronn 4,46 Äerdmassen. De Radius vum Planéit konnt mat der Transitobservatioun zu ongeféier 1,6 Äerdradien bestëmmt ginn. Aus de Wäerter fir Mass a Radius huet sech eng Ofschätzung vun der Dicht vun ongeféier 5,89 g/cm3 erginn, woumat HD 219134 b e Gestengsplanéit muss sinn. D'Modellrechnung vum zweeten Entdeckerteam ëm de Vogt koum zu engem bal selwechtem Wäert bei der Ëmlafzäit, awer zu enger méi klenger Mindestmass vu ronn 3,8 Äerdmassen.

De Planéit gehéiert zu der Klass vun den Superäerden an ass vill ze no bei sengem Stär, als datt do nach liewensfrëndlech Bedéngunge sollte sinn. Op senger Uewerfläch si warscheinlech déi selwecht Temperature wéi op der Venus am Sonnesystem. Wéinst der héijer Temperatur an de Gravitatiounsawierkungen duerch de noe Stär ass d'Uewerfläch vum HD 219134 b méiglecherweis mat Vulkaner a Lava geformt.

Op Grond vun der Tatsaach, datt den HD 219134 b vun der Äerd aus gesinn virum HR 8832 laanschtzitt (wat d'Méiglechkeet zum Nowäis an zu der Erfuerschung senger méiglecherweis disponibler Atmosphär bitt), a senger relativ noer Distanz zu der Äerd ass de Planéit en interessant Fuerschungsobjet. In der Publikatioun vum Jet Propulsion Laboratory an der NASA ulässlech senger Entdeckung gouf den HD 219134 b souguer als "eng Aart Stee vu Rosetta fir d'Fuerschong vu Superäerde" bezeechent (a kind of Rosetta Stone for the study of super-Earths).

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie