La Palma
La Palma, eigentlech 'San Miguel de la Palma', ass eng vun de siwen Haaptinsele vun de Kanaren a Spuenien. Si läit nordwestlech an ass déi fënneftgréisst vun de Kanareschen Inselen.

Geographie Änneren
La Palma läit am Atlantik a gehéiert zu der Provënz Santa Cruz de Tenerife. D'Haaptstad ass Santa Cruz de la Palma.
Si huet eng Fläch vu 708,32 km², dat sinn 9,45 % vum Kanareschen Territoire. D'Längt läit bei 42 Kilometer an d'Breet bei 28 Kilometer.
Andeelungen Änneren
La Palma ass a 14 Gemengen agedeelt:
Geologie Änneren
La Palma ass, geneesou wéi déi aner Kanaresch Inselen, vum Urspronk aus eng Vulkaninsel. De geologeschen Alter vun der Insel gëtt op 2 Millioune Joer geschat. Et ass eng vun de jéngsten Insele vun de Kanaren. Vum Buedem vum Mier, deen op 4000 Meter Déift ass, erhieft sech d'Insel op bal 6.500 Meter. Si besteet praktesch ganz aus vulkanesche Steng.
Eruptiounen Änneren
Historesch festgehalen Eruptioune sinn:
Demographie Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: La Palma – Biller, Videoen oder Audiodateien |