De W. M. Keck-Observatoire ass en Deel vum Mauna-Kea-Observatoire um 4.200 Meter héije Vulkanbierg Mauna Kea op der Insel Hawaii.

D'Kuppele vun den zwéi Keck-Teleskope

Am Observatoire stinn zwéi baugläich Spigelteleskopen, vun deene jiddwereen een aus 36 klenge, sechseckege Segmenter zesummegesaten Haaptspigel vun 10 m Duerchmiesser huet an déi bis Juli 2007 déi gréisst optesch Teleskope vun der Welt waren. Ofgeléist goufe si duerch d'Gran Telescopio Canarias, déi e Spigelduerchmiesser vun 10,4 m hunn. D'Spigelsupporte vun den Teleskope goufe vun der Schott AG zu Mainz aus Zerodur Glaskeramik gebaut. D'Keck-I-Teleskop gouf 1993 a Betrib geholl, d'Keck-II-Teleskop ass 1996 fäerdeg gestallt ginn. Déi zwéin Teleskope kënnen och zesummen als opteschen Interferometer gebraucht ginn. Keck-I a Keck-II hunn eng Adaptiv Optik.[1]

D'Grënnung geet op eng Stëftung vun der W. M. Keck Foundation an der Héicht vun 140 Milliounen US-Dollar zeréck. Den Observatoire gëtt vum California Institute of Technology, vun der University of California an der NASA zesumme bedriwwen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Peter Wizinowich, et al.:Performance of the W.M. Keck Observatory Natural Guide Star Adaptive Optic Facility - the first year at the telescope. Proc. SPIE Vol. 4007, S.2-13, Adaptive Optical Systems Technology, 2007, Abstract@NASA ADS, pdf online

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. About the current Keck AO systems keck.hawaii.edu, ofgeruff den 3. Mäerz 2011