Fédération luxembourgeoise des pêcheurs sportifs
D'Fédération luxembourgeoise des pêcheurs sportifs, kuerz FLPS, ass de Lëtzebuerger Sportfëscherverband.
Historique Änneren
D'Fédération luxembourgeoise des pêcheurs sportifs gouf den 29. August 1926 zu Gréiwemaacher an d'Liewe geruff. Membere vum Grënnungskommitee waren: Nicolas Streng, Gréiwemaacher, Garagiste (President); Henri Liesenbein, Bouneweg, Fabrikant (Vizepresident); Antoine Braun, Gréiwemaacher, Proprietär vun enger Dréckerei (Sekretär); Michel Bourkel, Biereng, Comptabel (Member); Michel Faber, Schlässer, Bouneweeg (Member); Metty Weber, Diddeleng, Beamten op der Schmelz (Member); Guillaume Jager, Gréiwemaacher, Schoulmeeschter (Member); Philippe Schmitt, Gréiwemaacher, Geschäftsmann (Member); Jos Wolter, Diddeleng, Geschäftsagent (Member). An der Kommiteessitzung vum 29. Dezember 1926 ass dëst Grënnungsgremium duerch en definitive Kommitee ersat ginn, deem säi President de Guillaume Jager gouf.[1]
Vun 1938 un huet d'Federatioun eng eegen Zäitschrëft, De Lëtzeburger Sportfëscher, erausginn.[2] Éischt Redakteren dovu waren de Charles Arnold (1938-1956), duerno de Jos Hoffmann (1956-1959) an de Jos Braun (1959-1977).[3] Vun 1985 bis 2003 (Nr. 2) ass si ënner dem Titel Fëscher a Jéer[4] erauskomm, duerno als Fëscher, Jeeër an Hondsfrënn.[5]
Presidenten Änneren
- 1926 - 1926: Nicolas Streng
- 1926 - 1927: Guillaume Jager
- 1927 - 1927: Philippe Schmitt
- 1927 - 1935: Metty Jeitz
- 1935 - 1951: François Fixmer
- 1952 - 1965: Paul Elvinger
- 1966 - 1990: Frinn Zürn
- 1990 - 2010: Gusty Graas
- zanter 2010: Jos Scheuer
Literatur Änneren
- Christen, P., 2001. Historik des Luxemburger Sportfischerverbandes. In: Fëscher a Jéer, Jg. 2001, Nr. 1, S. 9-14. PDF
Referenzen Änneren
- ↑ Christen 2001, S. 10.
- ↑ De Lëtzeburger Sportfëscher: Organ vum Landesverband Lëtzeburger Sportfëscher. BNL
- ↑ Braun, J., 1991. Über Angler und Fische. Luxemburger Wort 1991, No 119 (25. Mai), S. 23.
- ↑ Fëscher a Jéer: périodique des chasseurs, des pêcheurs et autres amis de la nature. BNL.
- ↑ Fëscher, Jeeër an Hondsfrënn: organe périodique de la FHCL, Fédération Saint-Hubert des chasseurs du Grand-Duché de Luxembourg, de la FLPS, Fédération luxembourgeoise des pêcheurs sportifs et de l'UCH, Union cynologique St-Hubert. BNL