Groesteen
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Groesteen an der Gemeng Pëtschent. Fir aner Beteitunge, kuckt wgl. Groesteen (Homonymie). |
Groesteen ass e Lieu-dit um CR322 an der Gemeng Pëtschent, zirka 1,5 km südlech vu Pëtschent (Loftlinn). Et sti 5 Haiser do.
Groesteen | |
---|---|
Den CR322 um Groesteen a Richtung Veianen | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Grauenstein de: Grauenstein |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Veianen |
Gemeng | Pëtschent |
Buergermeeschter | Fabienne Huberty |
Koordinaten |
49° 56’ 49’’ N 06° 08’ 44’’ O |
Geographie änneren
De Groesteen läit op enger Héicht vun zirka 500 – 510 m (NG-L). An der Noperschaft leien am Süden de Ronnebësch an den Houschterhaff, am Westen de Pull (Poul) an am Osten den Niklosbierg, deen ongeféier 1 km wäit ewech a Richtung Veianen läit.
De Groesteen änneren
Bemierkenswäert op der Plaz ass dee sougenannte Groesteen (Grafenstein), deen dem Lieu-dit säin Numm ginn huet. Dëse Steen huet d'Grenz tëscht den Herrschaftsberäicher vun de Grofe vu Stolzebuerg, Veianen a Branebuerg markéiert.[1]
Op dem Groestee waren ursprénglech dräi Kräizer agemeesselt, wouvun der nëmme méi zwee nach däitlech z'erkenne sinn. Iwwer d'Interpretatioun vun deene Kräizer ginn d'Meenungen auserneen. Fir déi eng sinn et chrëschtlech Symboler, fir anerer sollen et steenzäitlech Duerstellunge vu Mënsche sinn.[1]
De Groestee stoung laang op privatem Terrain. 2013 gouf en op d'Initiativ vum Syndicat d'initiative Stolzembourg erëm op senger ursprénglecher Plaz nieft der Strooss opgestallt. Och en Informatiounspanneau gouf nieft dem Groesteen opgeriicht.[1]
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Groesteen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ 1,0 1,1 1,2 ArWa, 2013. Ein Zeuge mit Vergangenheit. Aufwertung für Grenzstein am "Groesteen" zwischen Pütscheid und Vianden. Luxemburger Wort vum 30. Juli 2013, S. 16.