Georges Arnold

lëtzebuergeschen Dokter

De Georges Arnold, gebuer den 3. Mee 1920[1] zu Péiteng[2] a gestuerwen den 23. August 2018[3] war e lëtzebuergeschen Dokter, Auteur a Lokalpolitiker.

Georges Arnold
Gebuer 3. Mee 1920
Péiteng
Gestuerwen 23. August 2018
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter, Auteur, Politiker
Famill
Bestuet mat Many Arnold-Leurs

No de Cours supérieurs zu Lëtzebuerg huet de Georges Arnold am Hierscht 1940 säi Medezinstudium an Däitschland, wéi dat deemools vum däitschen Okkupant virgeschriwwe war, weidergefouert. Vun 1940 bis 1943 huet hien noeneen zu Würzburg, Giessen an Tübingen studéiert.[4] Vun 1943 bis 1944 war hien als Zwangsrekrutéierten an der däitscher Krichsmarine. Seng Erliefnesser am Krich a seng Zäit als Deserteur huet de Georges Arnold a sengem Buch Tribulations d'un incorrigible erzielt, dat am Oktober 2009 zu Iechternach virgestallt ginn ass.[5]

Nom Krich huet hie vun 1945 bis 1946 nach zwee Semester zu Bréissel studéiert,[6] an den 20. Mee 1946 krut hie säin Dokteschdiplom. No engem Stage an der Maternité vun der Stad Lëtzebuerg, huet hien Enn 1946 dräi Méint laang als responsabelen Dokter an der privater Maternité zu Ettelbréck geschafft.[6] Duerno huet hie sech an der Fiels etabléiert, wou hie vum 2. Januar 1947 un als Generalist praktizéiert huet. Den 19. Mäerz 1958 huet de Georges Arnold eng Praxis zu Iechternach opgemaach.[1] Vun 1975 bis 1997 war hie President vum Collège médical.[1] Hie war och eng Zäit Member vun der Commission nationale d'éthique.[7]

Den 3. Januar 1958 gouf de Georges Arnold Schäffe vun der Gemeng Fiels,[8] eng Funktioun, déi hien awer net laang assuréiert huet, well hie kuerz duerno op Iechternach geplënnert ass. Do war hien och lokalpolitesch aktiv, a vun 1964 bis 1981 Member vum Gemengerot.[9] Nom Doud vum Buergermeeschter Robert Schaffner am Joer 1979 sollt de Georges Arnold zweete Schäffe ginn, huet dann awer dorop verzicht.[10]

De Georges Arnold war mat der Many Leurs bestuet, déi den 29. Dezember 2013 am Alter vun 93 Joer gestuerwen ass.[11]

Publikatiounen änneren

  • Arnold, G., 1988. Brief an die Redaktion: AIDS: Die Sorge des Ärztekollegiums. d'Letzeburger Land 1988-09-02, S. 4. [2]
  • Arnold, G., 2009. Tribulations d'un incorrigible: regard sur les années 1940 à 1945. Echternach, (1), 162 S.[5]
  • Arnold, G., 2010. Damian Kratzenberg. In: Bulletin de liaison des anciens de l'Athénée. Luxembourg. Fasc. 29 (sept. 2010), S. 17-19.
  • Arnold, G., 2011. Tribulations d'un incorrigible: regard sur les années 1940 à 1945. In: Kolléisch's Jongen am Krich. Association des anciens de l'Athénée, Luxembourg, S. 85-157.

Gielercher änneren

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Kugener, S. 45.
  2. Administration communale Echternach; Memorial 1945, S. 295 (Jury d'examen pour la médecine). [1]
  3. Luxemburger Wort 2018-08-30, S. 37 (avis mortuaires).
  4. Tribulations, S. 13.
  5. 5,0 5,1 Deux témoignages sur les «années noires»: des victimes epternaciennes du nazisme publient leurs souvenirs. Luxemburger Wort 2009, Nr. 247 (23. Oktober), S. 14 (an deem Artikel steet iertemlecherweis, den Dr. Arnold wier an der Stad Lëtzebuerg gebuer).
  6. 6,0 6,1 Tribulations, S. 153.
  7. Tribulations, S. 154.
  8. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1958, S. 455.
  9. Sekretariat vun der Gemeng Iechternach.
  10. Les nouveaux visages au conseil communal d'Echternach. Le Républicain lorrain (Luxembourg), 14 août 1979.
    Surprise à Echternach: le docteur G. Arnold retire sa candidature au poste d'échevin. Il serait remplacé par M. Roger Thinnes. Le Républicain lorrain (Luxembourg), 1er septembre 1979 (Artikel vum Jean-Marie Martini).
  11. Luxemburger Wort 2014, Nr. 2 (3. Januar), S. 36.
  12. Memorial B n° 52 vun 1998 mat der Lëscht vun de Leit déi 1998 eng national Auszeechnung kritt hunn