Commission nationale d'éthique

Gremium deen dem lëtzebuergeschen Héichschoulministère ënnersteet

D'Commission nationale d'éthique (CNE), iwwersat national Eethikkommissioun, ass e Gremium zu Lëtzebuerg, deen eethesch, sozial, wëssenschaftlech a medezinesch Froe souwéi méiglech Auswierkungen op jidder Eenzelen oder op d'Gesellschaft ënnersicht, absënns wat d'Biowëssenschaften an d'Gesondheet ugeet. D'Kommissioun mécht d'Analysen op Eegeninitiativ oder op Demande vun der Regierung.

D'Eethikkommissioun gouf 2014 op Basis vun engem Reglement vum Regierungsrot gegrënnt[1]. Zu hiren Aufgabe gehéieren:

  • Avisen an Empfeelungen iwwer politesch a legislativ Moossname schreiwen;
  • Informatioun vun der Ëffentlechkeet a Fërderung vun der Diskussioun an der Gesellschaft;
  • Zesummenaarbecht mat den nationalen Instanzen déi Fuerschungsprojeten iwwer eethesch Aspekter bewäerten, grad wéi mat änlechen Organisatioune vun Drëttstaaten oder internationalen Organisatiounen.

Kompositioun änneren

D'Eethikkommissioun déi dem Héichschoulministère ënnersteet, setzt sech aus fofzéng Memberen zesummen, déi vum Regierungsrot op Propose vum Héichschoulminister genannt an ofgesat ginn. All Member gëtt am Prinzip fir eng Dauer vu fënnef Joer genannt, déi no Oflaf vun der Frist verlängert ka ginn. Kee ka méi wéi zwou voll Periode Member an der Kommissioun sinn.

D'Presidentin vun der Kommissioun ass zanter dem 12. Dezember 2014 d'Philosophie-Professesch Julie-Suzanne Bausch[2],[3].

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Règlement du Gouvernement en Conseil du 28 novembre 2014 portant création d'une Commission consultative nationale d'éthique indépendante abrogeant le Règlement du Gouvernement en Conseil du 9 septembre 1988 portant création d'une Commission consultative nationale d'éthique pour les sciences de la vie et de la santé, modifié le 4 octobre 2002 op legilux.lu, gekuckt den 23. Abrëll 2020
  2. Arrêté du Gouvernement en conseil du 12 décembre 2014 portant nomination des membres de la commission nationale d'éthique op legilux.lu, gekuckt de 24. Abrëll 2020
  3. Arrêté du Gouvernement en conseil du 20 décembre 2019 portant nomination des membres de la commission nationale d'éthique op legilux.lu, gekuckt de 24. Abrëll 2020