Sentimental Journey (Film 1995)

Film vun der Geneviève Mersch 1995

Sentimental Journey ass en Documentaire vun der Geneviève Mersch aus dem Joer 1995.

Sentimental Journey
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 7. Januar 1995[1]
Dauer 45 min
Faarf Faarweg
Ekipp
Regie Geneviève Mersch
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Och 50 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich kommen nach ëmmer fréier US-amerikanesch Zaldoten an d'Dierfer am Norde vu Lëtzebuerg, déi si am Wanter 1944-1945 wärend der Ardennenoffensiv befreit hunn. Och fréier däitsch Zaldote kommen op d'Plazen zu Lëtzebuerg zeréck, op deene si deemools gekämpft hunn. D'Regisseurin léisst béid Säiten zu Wuert kommen.[2]

Soss änneren

1997 huet d'Geneviève Mersch mat Iwwer an eriwwer nach een zweeten Documentaire iwwer d'Erënnerunge vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg gedréint.

Sentimental Journey gouf um Filmfestival vu Saarbrécken gewisen.[3][4]

De Film gouf 1997 vum CNA op VHS-Kassett erausbruecht, zesumme mat Le courage (1992, Segment vum Film Les sept péchés capitaux) a Iwwer an eriwwer (1997).[5]

Referenzen änneren

  1. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1994, Säit 91
  2. wort.lu: Die Faszination von Kriegsbildern in Zeiten von Corona (26. Mäerz 2020)
  3. woxx.lu: Mersch Geneviève: Au-delà du pont rouge (27. September 2002
  4. Rapport d'activité 1995, Mäerz 1996, S. 95
  5. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 139