Roger (Film)

Film vun der Geneviève Mersch

Roger ass en Documentaire vun der Geneviève Mersch aus dem Joer 1996.

Roger
Film
Produktiounsjoer 1996
Dauer 30 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Geneviève Mersch
Fotografie Virginie Saint-Martin
Schnëtt France Duez
Produzent Paul Thiltges, Claude Waringo (Samsa Film)
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Roger ass e geschwätzege jonke Mann, deen um Rand vun der Gesellschaft lieft.

Soss änneren

Der Zeitung Woxx géigeniwwer sot d'Geneviève Mersch: "Beaucoup de choses m'intéressaient chez Roger. Premièrement que ce type puisse faire preuve d'autant de personnalités différentes totalement contradictoires. D'un côté, c'est un s.d.f., à qui il arrive de voler et de mentir, de l'autre il chante superbement. D'un côté, c'est quelqu'un d'extrêmement sympathique, de l'autre il peut quelquefois énormément te taper sur les nerfs."[1]

De Film ass op ville Filmfestivalle gelaf, dorënner zu Lorquin, Oberhausen, Saarbrécken, Augsburg, Berlin an Emden.[1][2]

Am November 2021 hat de Film e Score vun 8,4 vun 10 Punkten um Filmbewäertungsportal Internet Movie Database, vun am Ganzen 22 Bewäertungen.[3]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Mersch Geneviève: Au-delà du pont rouge (27. September 2002)
  2. Roger um Site vum Filmfong
  3. Roger an der IMDb