Toni Rodesch

lëtzebuergesche Politiker

Den Toni Rodesch, och alt Tony, gebuer de 15. Juli 1954 zu Ueschdref, ass e lëtzebuergesche Politiker.

Toni Rodesch
Gebuer 15. Juli 1954
Ueschdref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Bei de Gemengewale vum Oktober 1981 ass den CSV Politiker Toni Rodesch fir d'éischt an de Rammerecher Gemengerot gewielt ginn.

Tëscht 1982 a 1986 an dunn erëm tëscht 1993 a Mäerz 2002 war hie Schäffe vun der Gemeng Rammerech.

No de Gemengewale vum 9. Oktober 2005 (déi éischt déi nom Proportzsystem an der Gemeng Rammerech waren) ass hie Buergermeeschter un der Spëtzt vun enger Koalitioun tëscht CSV, LSAP an DP ginn.

Den Toni Rodesch ass bestuet, huet zwee Kanner an a senger Fräizäit spillt hie Schach am Le pion Perlé.

Kuckt och änneren