Uewermaartel

Uertschaft an der Gemeng Rammerech

Uewermaartel ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech, op der belscher Grenz. Si ass bekannt fir hir fréier Schifergrouwen.

Uewermaartel
Spléckerei vun der Grouf Johanna
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Haut-Martelange
de: Obermartelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Awunner 23[1]
  01.01.2014
Koordinaten 49° 49’ 26’’ N
      05° 44’ 55’’ O

Geographie änneren

Uewermaartel läit südlech vu Maartel a Roumecht.

Geschicht änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Leekollen zu Lëtzebuerg#Schiferindustrie zu Uewermaartel.

Am 18. Joerhonnert gouf et op där Plaz nach keen Duerf an den Numm Uewermaartel gëtt et nach net. Nieft dem Zesummefloss vun zwou Baachen ass 1778 op der Ferrariskaart just eng Seeërei agezeechent, ouni besonnesch Bezeechnung. Um Enn vum 18. Joerhonnert entstinn op där Plaz déi éischt Schifergrouwen. Beaflosst gouf déi Entwécklung duerch d'Franséisch Revolutioun. Mam Enn vum Ancien Régime hunn d'Leekollen am franséische Fumay, eng Regioun, wou zanter dem Mëttelalter Schifer ofgebaut gouf, Problemer mam Export an eng no der anerer muss zoumaachen. Nom Napoleon senger Besetzung vun eise Gebidder hunn zwou Famillen, déi schonn zu Fumay am Schifer geschafft hunn, sech an der Géigend vu Maartel neiergelooss. D'Konzessioune fir Schifer ofzebaue ware bis ongeféier 1890 generell an der Hand vun e puer Familljebetriber vu Leit mat engem gewëssene Kapital.

Am Laf vun engem Joerhonnert huet sech den Terrain duerch de Schiferofbau an deene klenge Leekolle vum Dall awer staark verännert: net nëmmen Industriegebaier sinn entstanen, mä och Wunnhaiser, eng kleng Siidlung mat enger Gare. Duerch déi ofallintensiv Beaarbechtung vum Schifer si ronderëm déi kleng Grouwen, Schifertippen entstanen, nei Gebaier goufen op fréierem Schiferschutt opgebaut, soudatt een Deel vum Dall Enn vum 19. Joerhonnert, mat den éischte Konzessiounen op der Seemühle oder op der Fooscht, schonn e puer Meter méi héich läit wéi nach 1790.

Ee ganz wichtege Facteur vun der Entwécklung op där Plaz war awer d'Janglisgare. Mat der Aweiung vun der Janglisstreck 1890 war et méiglech de Schifer a grousse Quantitéiten an d'Land an an d'Ausland ze transportéieren. Bis 1914 goufen effektiv all d'Grouwen aus der Géigend, déi net un d'Schinnenetz ugebonne waren, zougemaach.

An der Tëschenzäit hat sech, mat enger geziilter offensiver Akafspolitik zanter den 1890er Joren, d'Famill Rother vu Frankfurt am Main quasi de Monopol vun de Schifergrouwen op lëtzebuergeschen Terrain verschaaft - Ausnam waren déi Aasselbuerer Leekollen. D'Famill Rother an hir Ierwe waren déi nei Proprietäre vun Uewermaartel, an dat net nëmme wat den Terrain, d'Grouwen an d'Industriegebaier ubelaangt, mä och d'Wunnhaiser. Déi waren, wéi all hir Gebaier zu Uewermaartel an an der Ëmgéigend, markant wäiss-gréng ugestrach.

1938 ass dem René Leclère säin Documentaire Ardoises iwwer d'Aarbecht an den Uewermaarteler Schifergrouwen erauskomm.

Mam Doud vun der Christiane Rother ass 1985 déi lescht direkt Ierwin vun Uewermaartel gestuerwen. Zanter där Zäit steet d'Villa Rother eidel. 1986 ass d'Firma Ardoisières de Haut-Martelange s.a. definitiv zougemaach ginn. Zu Uewermaartel huet all industriell Produktioun opgehalen.

Haut wunnen am Duerf nach just d'Locataire vu fréier. E puer Wunnhaiser waren awer schonn zur Zäit vun der Famill Rother nach a Privatbesëtz iwwergaangen.

1993 huet d'Gemeng Rammerech de Site Uewermaartel mat sengen Industriegebaier, senge Wunnhaiser, Gebaier an der Villa Rother kaaft fir en 2003 nees un de Lëtzebuerger Staat weiderzeverkafen. Haut ass do de Schifermusée Uewermaartel.

Literatur änneren

  • b.w. „Die Schiefergruben in Martelingen. Zeugen einer alten Industriekultur im Norden des Landes.“ Kéisécker 2 (1992): 33-37.
  • „Carte Ferraris 1:20k, 1778.“ Administration du Cadastre et de la Topographie, accessed April, 2012, http://map.geoportal.lu/.
  • Friedrich, Evy. „Der blaue Stein: Vom Schiefer und den Schiefergruben.“ Revue 9 (1968): 13- 20.
  • Gaspar, Aloyse. „De Jängelchen.“ in Fanfare Holtz: 1968-1993: 125e Anniversaire, 1993, 343-372 (Luxembourg: Imprimerie F.Quintus, 1993).
  • „Gesellschaftsakt der Obermosel Dachschiefer- und Plattenwerke s.a.vom 21. Juni 1908, Obermartelingen.“ Memorial du Grand-Duché de Luxembourg 37 (1908): 490-494.
  • „Les industries du Grand-Duché: Ardoisières de Haut-Martelange.“ Echo de l'Industrie 10 (1969): 5-7.
  • Linden, Raymond. „Die Schiefergruben von Obermartelingen: eine Sehenswürdigkeit Westeuropas.“ Lëtzebuerger Sonndesblad 128 (1995): 10-11.
  • Linden, Raymond. „Obermartelingen- 20 Jahre auf dem Weg zum Freilichtmuseum.“ in Am Laf vun der Zäit: Pärel, Houltz, Bungeref, Wolwen, Uewermaartel, Roumicht, Maartel, édité par Amis de la Fleur et Sapeurs-Pompiers Perlé, 234-243 (Pétange: Imprimerie Heintz, 2010).
  • Martin, Katrin C. „Luxemburg's Blauer Stein.“ Revue 24 (1949): 462-465.
  • Mees, Fränz. „Das Ende einer Industrie: Die Ardoisières de Haut-Martelange machen dicht.“ Revue 38 (1986): 18-21.
  • Michels, Daniel. „Das Ende der blauen Epoche: vor 20 Jahren.“ D'Lee: kulturell Zäitschrëft vun der Gemeng Rammerich 1 (2006): 59-63.
  • Michels-Lenger, Alice. „De Jangeli- die Schmalspurbahn im Kanton Redingen.“ in DT Jeunesse Niederpallen: 50e anniversaire, 1956-2006, 131-133 (Luxembourg: Éditions Saint-Paul, 2006).
  • Nehrenhausen, Jeannot. „De Jhangeli, 1890-1953: Redingens Kampf um die Eisenbahn.“ De Kropemann Nr. spécial (1990): 7-33.
  • Ottelé, Jean-Marie. „D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg. Leekollen/Schiefergrouwen zu Lëtzebuerg.“ Last modified 2011. http://www.industrie.lu/.
  • Paquet, Alfons. Jubiläumsschrift der Obermosel Dachschiefer- und Plattenwerke A.G., Obermartelingen, Großherzogtum Luxemburg: anlässlich des 40jährigen Betriebsjubiläums. Luxemburg: Imprimerie Victor Bück, 1938.
  • Schmit, Camille. Regards sur Martelange. Martelange: Édition du Foyer Culturel, 1992.
  • Schmit, Camille. Nouveaux Regards sur Martelange. Martelange: Édition du Foyer Culturel, 1994.
  • Schmit, Serge. „Les Ardoisières de Haut-Martelange.“ Travail de fin d'études, promotion (Institut Ste-Marie Arlon,1982-1983).
  • Schneider, Edward. „Stamm F: Johanna und Robert I Propach und ihre Nachkommen.“ Last modified 2005. https://web.archive.org/web/20210302003904/http://www.schneider-i.com/fuhrmann/PDFs/StammF.pdf.
  • „Topographische Karte 1907“. Administration du Cadastre et de la Topographie, accessed April, 2012, http://map.geoportal.lu/.
  • Voisin, Léon. Les ardoisières de l'Ardenne. Charleville-Mézières: Éditions Terres Ardennaises, 1987.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Uewermaartel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Websäit vun der Gemeng