De Casino 2000 ass e Spillcasino mat Hotel, Restaurant a Multifunktiounssall mat Bün zu Munneref an der rue Flammang. Et ass deen eenzege Spillcasino am Land.

De Casino 2000

Geschicht änneren

1840 hunn d'Zwillingsbridder François a Louis Blanc vu Bordeaux sech zu Lëtzebuerg niddergelooss. Se hunn deemools am Hotel de Cologne gelieft a well se sech mat Banken a Plaze fir ze Spillen auskannt hunn, hu se probéiert eng Lizenz fir Glécksspiller ze kréien an e Casino opzemaachen. Well se déi Lizenz awer net kruten hu se sech mam Landgrof Philipp vun Homburg, dee se am Hotel de Cologne kennegeléiert haten, zesummegedoen an hunn zu Bad Homburg e Spillcasino opgemaach.[1]

1923 hat den Eugène Steichen de Projet vun enger Spillbank zu Iechternach zesumme mat enger Opstellung vun de Käschten an den Auswierkungen op d'Infrastruktur an de wirtschaftlechen Notzen agereecht fir eng Lizenz fir e Casino ze kréien. Awer och dëse Projet konnt net realiséiert gi well en d'Lizenz refuséiert krut.

1946 gouf nees eng Kéier eng Demande gemaach fir e Casino an e Spa-Zentrum zu Munneref däerfen ze bauen. Et gouf doropshin esouguer e Gesetzprojet gemaach, deen awer vun der Regierung no enger Ofstëmmung mat 29 géint 17 Stëmme refuséiert gouf.

Eréischt den 20. Abrëll 1977 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, dat 55 Zorte vu Spillen ëm Suen ënner bestëmmte Konditiounen erlaabt. Am September 1977 gouf Munneref als déi eenzeg Plaz am Land designéiert, wou e Casino bedriwwen dierft ginn. Et koum dunn zu der Grënnung vun der Casino de jeux du Luxembourg, Mondorf-les-Bains/Luxemburgische Spielbank Bad Mondorf an den 19. Dezember 1980 krut de Casino d'Konzessioun zougesprach. Am Mee 1982 gouf de Grondsteen fir de Casino 2000 geluecht. De Bau huet 350 Millioune Lëtzebuerger Frang kascht, a gouf de 16. Abrëll 1983 ageweit.

2011 gouf e Sall vun 1.325 Quadratmeter bäigebaut, deem seng Fläch moduléiert ka ginn, fir doranner Konferenzen, Ausstellungen, Concerten oder Foiren ofhalen ze kënnen.

Am Spillsall vum Casino 2000 gëtt et eng sëllege Slotmaschinnen, souwéi Dëscher fir Roulette a Blackjack ze spillen.

De Casino 2000 ass och de Sëtz vun der Association des sommeliers d'Europe.[2]

Um Spaweck änneren

Commons: Casino 2000 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. CASINO 2OOO - Die historischen Ursprünge S. 23-25 am Dossier de presse vum Casino 2000
  2. Presentatioun vun der Association des sommeliers d'europe Archivéiert op 2016-01-24. Gekuckt de(n) 2016-01-29.