D'Kierch vum Briddel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Koplescht gehéiert.

Kierch um Briddel

Uertschaft / Plaz Briddel
Par Mamerdall
Saint-Christophe
Dekanat Lëtzebuerg
Konsekratioun 19. Mäerz 1972
Architekt(en) René Schmit
Koordinaten 49° 39’ 23.3’’ N
      06° 04’ 44.8’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kräiz iwwer dem Altor

De Grondstee fir d'Briddeler Kierch gouf den 9. November 1969 geluecht. D'Pläng ware vum Briddeler Architekt René Schmit. Se gouf den 19. Mäerz 1972 vum Bëschof Jean Hengen geweit.

Den 21. Juni 2017 gouf s'op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]

Kierch vu bannen änneren

Den Tabernakel an d'Kräiz si vum Jean Thill, den Dafsteen vun Thill a Schmit.

Déi 307 m2 abstrakt Glasbëtongsfënstere si vum Mett Hoffmann a Jean Thill.

D'Diere goufe vun der Maggy Stein entworf a weisen engersäits d'Schëpfung an anerersäits e Liewensbam.

Uergel änneren

Am Joer 1990 krut d'Kierch eng Uergel vun der Firma Kleuker vu Bielefeld-Brackwede.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

 
D'Kierch vu baussen

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).