Beezebierg
De Beezebierg ass e Lieu-dit an der Gemeng Hiefenech.
Beezebierg | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Beezeberg de: Beezeberg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Miersch |
Gemeng | Hiefenech |
Buergermeeschter | Jérôme Seiler |
Awunner | 50 |
2005 | |
Koordinaten |
49° 46’ 12’’ N 06° 13’ 52’’ O |
Geographie
ännerenDe Beezebierg läit op enger Héicht vu ronn 320 Meter, ongeféier 500 m nord-ëstlech vum Kär vun Hiefenech a grenzt un Iernzen an un d'Supp. Um Beezebierg sti ronn 20 Haiser.
Geschicht
ännerenWéini dat éischt Haus do gebaut gouf ass net genee gewosst. Ëm 1800 huet do jiddefalls den Hiert vu Steebur gewunnt. Am 19. Joerhonnert gouf et wuel nëmmen e Grapp voll Haiser do, déi zum Deel am Ufank vum 20. Joerhonnert ofgerappt goufen. An de Fofzeger an an de Siechzeger Jore vum 20. Joerhonnert goufe ronn eng Dose Weekendhaiser gebaut. An de Siwwenzeger an an den Uechtzeger koumen dunn en ettlech richteg Wunnhaiser dobäi.
An der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert gouf et eng kleng Steekaul fir Lëtzebuerger Sandsteen. D'Qualitéit a d'Quantitéit vum Stee war awer net sou, datt d'Kaul ekonomesch rentabel konnt sinn, an dofir gouf se fale gelooss.
Kuckeswäertes
änneren- Panorama op den Duerfkär vun Hiefenech
- Verloosse Steekaul