Referendum vum 7. Juni 2015

De Referendum vum 7. Juni 2015 war e Referendum zu Lëtzebuerg, wou 3 eenzel Froe gestallt goufen iwwer méiglech Ännerungen an der Verfassung. All dräi Froe goufe mat grousser Majoritéit ofgeleent.

Parteiplakater fir de Referendum um Knuedler
Muster vun engem Stëmmziedel fir de Referendum

Dës Froe sinn:[1]

  1. Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d'Lëtzebuerger, déi tëschent 16 an 18 Joer al sinn, d'Recht kréien, sech fakultativ an d'Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei de Wale fir d'Chamber, d'Europaparlament an de Gemengerot souwéi bei de Referende kënne matzemaachen?
  2. Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt d'auslännesch Matbierger d'Recht kréien, sech fakultativ an d'Wielerlëschten anzeschreiwen, fir als Wieler bei Chamberwale kënne matzemaachen, an dat ënner der besonnescher duebeler Bedingung, datt si op d'mannst zanter 10 Joer zu Lëtzebuerg gewunnt hunn a virdru scho bei Gemengen- oder Europawalen zu Lëtzebuerg matgemaach hunn?
  3. Sidd Dir mat der Iddi averstanen, d'Zäit, wärend där eng Persoun ouni Ënnerbriechung an der Regierung däerf sinn, op maximal 10 Joer ze begrenzen?

Ursprénglech war nach eng véiert Fro virgesinn:

[4.] Sidd Dir mat der Iddi averstanen, datt de Stat net méi d'Verflichtung huet, d'Paien an d'Pensioune vun de Geeschtlechen a Laienhelfer vun den unerkannte Glawensgemeinschaften ze iwwerhuelen?

Dës gouf awer hifälleg, wéinst dem Accord, deen den 19. Januar 2015 mat de Kierche fonnt gi war.[2]

De Referendum war konsultativ, dat heescht, d'Resultat gëtt beim Entworf vun enger neier Verfassung berücksichtegt, mä hat u sech keng Gesetzeskraaft.

Campagne

änneren
  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Als Haaptacteur fir de Nee huet sech d'Plattform "nee2015.lu" an hire Spriecher, de Lycéesprofesser Fred Keup, erauskristalliséiert. Si hu sech selwer als déi politesch Mëtt ugesinn a goufen och dobaussen esou gesinn.[3] Mat op der Säit vum Nee ware vun Ufank un d'ADR an d'CGFP. D'CSV huet sech eréischt spéit fir e méi zeréckhalenden Nee agesat.

Op der anerer Säit stoung de groussen Deel vun den entscheedende Kräften (den Establishment): d'Regierung, 5 Parteien (DP, LSAP, déi Gréng, déi Lénk, d'Piratepartei), d'Journalisten an d'Medien (Tageblatt, Luxemburger Wort, Woxx, Revue…), Gewerkschaften (OGBL, LCGB, Syprolux, FNCTTFEL), Patronatsvertriedungen, Wirtschaft, 50 Leit aus der Kulturzeen.[3],[4],[5]

Am Februar 2015 waren an enger Ëmfro nach 48% fir de Jo. Trotz der konsequenter Campagne fir de Jo konnt sech de Nee ëmmer méi staark entwéckelen an zum Schluss däitlech duerchsetzen.

Resultater

änneren

Et goufen 246.974 ageschriwwe Wieler. 214.835 Wieler hunn e Stëmmziedel ofginn vun deenen der 211.013 gëlteg waren, 2.187 goufe wäiss ofginn a 1.635 waren ongëlteg. 18.837 Wieler hu per Bréifwal gewielt.

D'Resultat war dat hei:[6]

Fro 1: Reduktioun vum Walalter op 16 Joer

änneren

Jo: 19,13 %; Nee: 80,87 %.

 
Proportioun vun den Nee-Stëmme bei der 2. Fro zum Auslännerwalrecht, no Gemeng.

Fro 2: Aféierung vum Auslännerwalrecht

änneren

Jo: 21,98 %; Nee: 78,02 %.

Fro 3: Begrenzung vun der Mandatsdauer fir Ministeren

änneren

Jo: 30,07 %; Nee: 69,93 %.

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Referendum vum 7. Juni 2015 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. "Offiziell Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Referendum." rtl.lu, Leschten Update: 31.10.2014, 18:30:05.
  2. "Verhältnis Staat a KierchenReferendumsfro fält wech, Accord iwwer neie Reliounsartikel." rtl.lu, leschten Update: 21.01.2015, 13:47:54.
  3. 3,0 3,1 Archive copy Archivéiert de(n) 2019-11-05. Gekuckt de(n) 2019-11-05.
  4. https://www.rtl.lu/kultur/news/627898.html
  5. http://www.lessentiel.lu/fr/luxembourg/story/l-economie-dit-oui-au-droit-de-vote-des-etrangers-22107400
  6. "Résultats" op elections.publc.lu.