Elara (Mound)

Jupitermound


Den Elara (och Jupiter VII) ass den zweetgréisste vun de baussenzegen oder irreguläre Mounde vum Planéit Jupiter.

Elara
(Jupiter VII)
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 11.741.000 km
Periapsis 9.188.500 km
Apoapsis 14.293.500 km
Exzentrizitéit 0,2174
Ëmlafzäit 259,64 Deeg
Ëmlafvitess 3,25 km/s
Inklinatioun 26,627°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 86 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 16,32
Entdeckung
Entdecker C. D. Perrine
Entdeckungsdatum 2. Januar 1905

Entdeckung änneren

Den Elara gouf den 2. Januar 1905 vum Astronom Charles Dillon Perrine um Lick-Observatoire zu San Jose a Kalifornien) entdeckt.

De Mound gouf no der Elara, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt. Den offiziellen Numm krut de Mound Elara am Joer 1975, virdru gouf en als Jupiter VII bezeechent.

Bunndonnéeën änneren

Den Elara kreest ronderëm de Jupiter op enger mëttlerer Distanz vun 11.741.000 km an 259,64 Deeg. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,22 an ass mat 26,6° géigeniwwer dem lokale Laplace-Plang, deen ongeféier mat dem Bunnplang vum Jupiter zesummefält, gebéit.

Duerch seng Bunneegenschafte gëtt hien der Himalia-Grupp, genannt nom Jupitermound Himalia, zougerechent.

Physikalesch Donnéeën änneren

Den Elara huet e mëttleren Duerchmiesser vun 86 km. Seng Dicht ass mat 2,6 g/cm³ relativ héich, wat drop hiweist, datt hien haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut ass. Hien huet eng donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04 op, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 16,3m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren