Françoise Hardy

franséisch Sängerin, Komponistin a Schauspillerin (1944–2024)

D'Françoise Madeleine Hardy, gebuer de 17. Januar 1944 zu Paräis, an och do den 11. Juni 2024 gestuerwen[1], war eng franséisch Chansonsängerin, Texterin a Komponistin.

Françoise Hardy
Gebuertsnumm Françoise Madeleine Hardy
Gebuer 17. Januar 1944
Paräis
Gestuerwen 11. Juni 2024
Neuilly-sur-Seine
Doudesursaach Kriibs an der Schléck
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté des lettres de Paris
Aktivitéit Astrolog, Sänger, Lidderschreiwer, Schrëftsteller, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Jacques Dutronc
Kanner Thomas Dutronc

Si war absënns an den 1960er Jore bekannt, wou si mat hire Lidder wéi Tous les garçons et les filles, Je suis d’accord oderLe Temps de l'amour vill Succès hat. Si huet hir Lidder och op Englesch, Italieenesch, Däitsch, Spuenesch a Portugisesch opgeholl. 1963 huet si Monaco beim Grand Prix Eurovision de la Chanson mat L'amour s'en va representéiert.

An de Joerzéngten dono hat si deen een oder anere Come-back, koum awer net méi un de Succès vun den Ufanksjoren erun.

Si war mam Jacques Dutronc bestuet, mat deem s'e Jong, den Thomas Dutronc hat, deen och Sänger ass.

Filmographie

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Françoise Hardy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Françoise Hardy, icône de la culture pop, est morte. lemonde.fr, 2024-06-11.