D'Kierch zu Fluessweiler ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Fluessweiler gehéiert.

Kierch vu Fluessweiler
Parkierch zu Fluessweiler (2014)

Parkierch zu Fluessweiler (2014)
Parkierch zu Fluessweiler (2014)
Uertschaft / Plaz Fluessweiler
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Cosmas
Hl. Damian
Koordinaten 49° 40’ 00.5’’ N
      06° 20’ 31.5’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Cosmas an Damian, deenen hiert Fest de 26. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zu Fluessweiler an der rue Berg, dem CR145. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

De 26. Februar 2019 gouf d'Gebai op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]

Geschicht änneren

D'Kierch gouf 1739 ageweit. Si gouf no de Pläng vum Sigimund Mungenast gebaut, hie war och de Baumeeschter vun der Abtei Iechternach. D'Westfront mam Tuerm gouf eréischt 1843 derbäigebaut.

De Chouer ass vun engem stenge Kräizverwëllef markéiert.

1961 krut d'Kierch eng nei Fassad an den Tuerm gouf méi héich gebaut.

1962 krut d'Kierch eng nei Heizung.

Klacken änneren

Am Kierchtuerm vun der Fluessweiler Kierch hänken 3 Klacken, déi an den Téin la, sol, fa och a', g', f' genannt, lauden.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Fluessweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).