Éibeng
belsch Uertschaft a Gemeng an der Provënz Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Aubange)
Éibeng (Aubange op Franséisch, Åbindje op Wallounesch, Ibingen op Däitsch), ass eng belsch Stad an der Provënz Lëtzebuerg. Si läit am Dräilännereck mat Frankräich a Lëtzebuerg.
Éibeng | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Lëtzebuerg |
Arrondissement | Arel |
Awunner | 16.927 (1. Januar 2018) |
Fläch | 45,60 km² |
Koordinaten | 49°34'0"N, 5°48'18"O |
Telefonszon | 063 |
Postcode | 6790 |
Websäit | https://www.aubange.be |
Stadhaus vun Éibeng zu Attem | |
Et ass déi ëstlechst Gemeng an de Gaume.
Aner Uertschaften an der Gemeng sinn:
Nopeschgemengen änneren
Wopen änneren
Beschreiwung: D'argent à tois bandes de gueules, l'écu surmonté d'un heaume d'argent, grillé, colleté et liseré d'or, doublé et attaché de sable, aux lambrequins à dextre d'argent et de gueules, à senestre d'argent et de sable. Cimier: un vol aà l'antique aux armes de l'écu. Support:deux lions d'or, tenant chacun une bannière aux armes de l'écu. DC: 15.6.1954 - AR:27.1.1956 - MB: 14.3.1956 An der neier Gemeng Éiben hat vun all de Fusiounsgemenge just Athus e Wopen dee se vun der Famill Reiffenberg iwwerholl hat. Aus der Famill Reiffenberg koum am 18. Joerhonnert de leschten Här vun Esch-op-der-Huurt. D'Märei vun Attem huet déi Zäit zu där Härschaft gehéiert. |
Persounen änneren
- De lëtzebuergesche Botaniker an Inspekter vun der Forstverwaltung Jean-Pierre-Joseph Koltz ass 1827 zu Éibeng op d'Welt komm.
- De Robert-Joseph Mathen, Bëschof vun Namouer, ass do gebuer.
- De Regisseur Philippe Derlet, ass zu Éibeng grouss ginn.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Aubange – Biller, Videoen oder Audiodateien |