D'Eos-Asteroide sinn eng Asteroidefamill vun der Haaptceinture, déi sech no enger katastrophaler Kollisioun vu groussen Asteroiden an der Vergaangenheet gebilt soll hunn. D'Membere vun der Famill hu Bunnen déi sech gläichen. D'Famill ass nom Asteroid Eos genannt.

1918 huet de japaneschen Astronom Kiyotsugu Hirayama op der Yale University studéiert an hat ugefaangen, d'Beweegunge vun den Asteroiden z'ënnersichen. Hien huet entdeckt, datt d'Exzentrizitéit, Schréi a Bunne vun en ettlechen Objete sech gläichen, a sou eenzel Gruppe bilden. Den Hirayama huet dräi Gruppe beschriwwen, inklusiv d'Eos-Famill mat 19 Memberen. Zanter där Zäit huet sech d'Zuel vun de Membere an der Eos-Famill vergréissert an et waren der am Joer 1993 schonn 289.

D'Asteroide vun der Eos-Famill hu grouss Hallefachsen tëscht 2,99 an 3,03 A.E.. Hir Exzentrizitéite leien tëscht 0,01 an 0,13, an hir Schréi tëscht 8 ° an 12 °. Am Ament sinn ongeféier 4.400 Membere bekannt.

D'Eos-Asteroide gläichen den Asteroide vum Typ - S. Ënnerscheeder geseet ee bei Infraroutanalysen. Als Resultat huet d'Eos-Famill eng eege Kategorie vu K-Typ - Asteroiden.

Zu de Membere vun der Eos-Famill gehéieren d'Asteroiden Eos, Dorothea, Brigitta, Centesima, Salome, Zelima, Latona, Antikleia, Berenike, Cloelia, Kypria, Edisona, Ceraskia, Scott a Waltraut.