Romain Wolff

lëtzebuergesche Gewerkschaftler
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Gewerkschaftler. Fir de lëtzebuergesche Biergcourse-Pilot, kuckt wgl. Romain Wolff (Biergcourse-Pilot).

De Romain Wolff, gebuer de 14. Mäerz 1961, ass e lëtzebuergesche Beamten a Gewerkschaftler. Vun 2005 bis Dezember 2016 war hie Generalsekretär vun der CGFP. Den 12. Dezember 2016 gouf hien, als Nofollger vum laangjärege President Emil Haag, zum neien Nationalpresident vun der CGFP bestëmmt. Neie Generalsekretär gouf dunn de Steve Heiliger.

Romain Wolff
Gebuer 14. Mäerz 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler

Dem Romain Wolff seng berufflech Carrière fänkt 1982 als Redakter beim Enregistrement un. Do engagéiert hie sech och gewerkschaftlech a gëtt Member vum Comité vun der Association générale des cadres. 2002 gëtt de Romain Wolff Vizepresident vun der CGFP.

Ufank 2005 gëtt de Romain Wolff zum haaptberuffleche Generalsekretär vun der CGFP gewielt. Hie war eréischt den zweeten Titulaire vun deem Posten, nodeems de Joseph Daleiden vun der Grënnung vun der CGFP am Joer 1967 ganzer 38 Joer am Amt war.

Den 29. Juni 2015 ass de Romain Wolff zum Nofollger vum Emil Haag als President vun der Beruffschamber vun de Staatsbeamte gewielt ginn.

Literatur änneren

  • Max Lemmer, Führungswechsel - Wolff folgt auf Haag - Neuer Vorstand der Staatsbeamtenkammer gewählt; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 30. Juni 2015.
  • Claude Damiani, Romain Wolff à la tête de la CHFEP; in: Le Quotidien, Editioun vum 30. Juni 2015, S. 4.