Place François-Joseph Dargent
D'Place François-Joseph Dargent, mam alen Numm Eecherplaz, ass eng Plaz am Quartier Eech, an der Stad Lëtzebuerg; do, wou den Eecherbierg (Côte d'Eich) an d'Eecherstrooss (Rue d'Eich) iwwergeet an d'Millebaacherstrooss (Rue de Muhlenbach) dobäikënnt.
![]() | |
Numm |
lb: Eecherplaz fr: Place Dargent |
---|---|
Fréieren Numm | de: Langemarckplatz (1940-44) |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Eech |
Koordinaten |
49° 36’ ’’ N 06° 06’ ’’ O |
Am nationale Stroossennetz ass dat d'Nationalstrooss 55, déi do op d'Nationalstrooss 7 stéisst.
GeschichtÄnneren
Tëscht dem 26. Dezember 1913 an dem 5. September 1964 ass d'Linn 10 vum Stater Tram driwwer gefuer. Och de Chareli ass do laanscht gefuer.[1]
D'Plaz gouf 1925 nom Apdikter a fréiere Buergermeeschter vun Eech, François-Joseph Dargent, genannt. Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich gouf s'a Langemarckplatz ëmgedeeft (no enger Schluecht am Eischte Weltkrich, déi an der Nazipropaganda heroiséiert gouf).
GebaierÄnneren
Ronderëm d'Eecherplaz stinn eng Rëtsch Gebaier, déi op der Lëscht vun den nationale Monumenter stinn:[2]
- d'Haus Nr. 5 - d' Apdikt Perlia, gebaut 1866 fir de Jean Meyer, Architekt: Jean-Pierre Koenig); als Nationalmonument klasséiert zanter dem 15. Juli 2020;
- d'Haus Nr. 2 - d' Maison Wurth (fréier Nimm: Villa Weber, dono Maison Laval-Metz), um Zousazinventwire vun de klasséierte Monumenter zanter dem 23. Februar 1988;
- d'Haus Nr. 13, e Café; um Zousazinventaire zanter dem 26. Mäerz 2013;
- d'Haus Nr. 15, bis an d'1960er Joeren eng Krawattefabréck; um Zousazinventaire zanter dem 25. Juli 2013.
D'Haus Nr. 8 (gebaut fir den Notaire Fritz Weber) ass net klasséiert; ma de Ginkgobam, deen do am Gaart steet, zielt zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.
BillerÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Place François-Joseph Dargent – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Vesna Andonovic: "Place Dargent:Immer am Puls der Zeit." wort.lu, 20.09.2020.
- ↑ Service des sites et monuments nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 11. Februar 2021).