Jean-Pierre Koenig

lëtzebuergeschen Architekt an Ingenieur

De Jean-Pierre oder Johann-Peter Koenig, gebuer den 19. Oktober 1870 zu Kietscht a gestuerwen de 14. Dezember 1919 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt an Ingenieur.

Jean-Pierre Koenig
Gebuertsnumm Johann Peter Koenig
Gebuer 19. Oktober 1870
Kietscht
Gestuerwen 14. Dezember 1919
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt

Vun him sinn d'Pläng vun ë. a. dem Gebai vun der Spuerkeess op der Metzer Plaz a vum Pôle Nord op der Bréisseler Plaz an der Stad Lëtzebuerg, vun der Léiwenger an der Schrondweiler Kierch, a vum fréiere Schrëftstellerheem vun de Jesuitten (der aktueller Handwierkerschoul) um Lampertsbierg.

Hie war ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg.

1917 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.

No him genannt änneren

Als Undenken un de Jean-Pierre Koenig gouf de 15. Abrëll 1954 eng Strooss um Lampertsbierg no him genannt: d'rue Jean-Pierre Koenig[1].

Literatur änneren

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 161
  • Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 108
  • Lorang, Antoinette, 1988, Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg. Vol. CIII, PSH, S. 301-302

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jean-Pierre Koenig – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Rue Jean-Pierre Koenig op archives-vdl.findbuch.net, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg, gekuckt den 21. Mee 2020