Jean Meyer

lëtzebuergeschen Apdikter a Cheemiker

De Jean Meyer, gebuer de 16. Abrëll 1837 zu Iechternach, gestuerwen den 11. Januar 1917, war e lëtzebuergeschen Apdikter a Cheemiker.

Jean Meyer
Gebuer 16. Abrëll 1837
Iechternach
Gestuerwen 11. Januar 1917
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chimist

Hien huet op der Universitéit Heidelberg beim Erlenmeyer studéiert. Am November 1863 gouf hien zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss; am Januar 1866 huet de Jean Meyer op der Eecher Plaz déi éischt Apdikt zu Eech opgemaach. Hien huet och fir d'Eecher Schmelz geschafft, wou en Analyse gemaach huet. 1874 huet de Meyer dem Pierre-Éloi Schoué seng Apdikt verkaf, dee se spéider dem Xavier Perlia weiderverkaf huet.[1]

1878 huet de Jean Meyer an der Fachzeitung Iron en Artikel iwwer deen neie Procedé geliess, deen den Sidney Thomas a säi Konseng Percy G. Gilchrist entwéckelt haten, an deen et erlaabt, beim Bessemerprocedé de Phosphor bal ganz aus dem Goss erauszekréien, fir héichwäertege Stol ze maachen. Hie krut den Émile Metz iwwerzeegt, d'Lizenz fir Lëtzebuerg fir dee Procedé ze kafen.

De Jean Meyer war vun 1882-1897 Direkter vun der Diddelenger Schmelz, déi ganz nom neie Procedé Stol produzéiert huet.

Hie war Member vun der Société des sciences médicales. Hien huet sech awer och fir Botanik intresséiert a war Member vun der Société de botanique. 1867 war hie "membre agrégé" vun der Société des sciences naturelles ginn, wou hien an der botanescher Spezialsektioun matgeschaft huet. 1871 ass hie Vizepresident vum Comité de botanique ginn.

Hie war de Papp vun der Lise Rischard.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Beschreibung der im Großherzogthum Luxemburg vorkommenden Orchideen. B. Bück, Luxemburg 1864, 22 S.
  • Formules magistrales vétérinaires ordinairement employées dans le Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, Année 4(1867), [n° 3], S. 130-137.
  • Pepsinum. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, Année 4(1867), [n° 3], S. 138-144.

Literatur änneren

  • Anonymus, 1998. Personnagen: Jean [Meyer].[2] Lëtzebuerger Journal 1998, No 73 (16. Apr.): 19.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag, S. 653-1342 (J. Meyer, S. 1067f.)
  • Liez, N. 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Avec une biographie du Docteur Félix Schaan. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S. (Jean Meyer: S. 91-92).
  • Massard, J.A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S. (J. Meyer, S. 218; mat weidere Literaturhiwäiser).

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. A. Toelle: Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Großherzogtum Luxemburg. V. Buck, Luxemburg 1920, S. 16f.
  2. Den Numm ass iertemlercherweis “Mayer” geschriwwen.