Institut luxembourgeois de recherches sociales et d'études de marchés

TNS ILRES ass e lëtzebuergescht Sondage- a Meenungsfuerschungs-Institut, dat dësen Numm den 29. September 2005 ugeholl huet; virdrun housch et ILReS.

Den ILReS (Institut luxembourgeois de recherches sociales et d'études de marchés) ass 1978 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn. Zanter 1999 ass e Member vun TNS (Taylor Nelson Sofres), deem zweetgréisste Maartfuerschungsinstitut vun der Welt.

TNS ILRES ass, mat enger 30 feste Mataarbechter an engem Ëmsaz vun 3 Milliounen Euro (2004), déi gréisst Entreprise vun hirer Zort zu Lëtzebuerg.

TNS ILRES huet zanter 2005 och als éischt Firma zu Lëtzebuerg sech den Télétravail ënner dem Pseudonym CATI@HOME zu Notze gemaach a bitt de Leit sou d'Méiglechkeet, vun doheem aus kënnen ze schaffen. Weiderhin huet TNS ILRES 2006 de MyPanel geschaf, mat deem Ëmfroen elo och mat Hëllef vum Internet realiseiert ginn.

Um Spaweck änneren