Peter Feist
Journalist
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Peter Feist, gebuer 1964, ass e Journalist[1].
Peter Feist | |
---|---|
Gebuer | 1964 |
Educatioun |
Technesch Universitéit Chemnitz, Universitéit Hohenheim |
Aktivitéit | Journalist |
Hien huet vun 1986 bis 1991 technesch Kybernetik op der TU Chemnitz an duerno, vun 1992 bis 1994, Journalismus a Kommunikatioun op der Universität Hohenheim zu Stuttgart studéiert.
Hie war fënnef Joer laang Redakter bei der lëtzebuergescher Wochenzeitung Gréngespoun ier en 1999 bei d'Lëtzebuerger Land goung wou hie sech haaptsächlech op sozial an ekologesch Sujeten spezialiséiert huet. Hie schreift ënner dem Kierzel (pf).
Zanter dem 15. Oktober 2020 ass hien, als Nofollger vun der Josée Hansen, Chefredakter vum Land[2].
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Peter Feist. www.press.lu. Gekuckt de(n) 01.08.2020.
- ↑ Peter Feist neuer d'Lëtzebuerger Land-Chefredakteur. wort.lu (24.07.2020). Gekuckt de(n) 01.08.2020.