Bernard Thomas

lëtzebuergeschen Historiker, Journalist an Auteur.

De Bernard Thomas, gebuer den 30. September[1] 1983 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Historiker, Journalist an Auteur.

Bernard Thomas
Gebuer 30. September 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Historiker, Saachbuchauteur, Journalist

Formatioun änneren

De Bernard Thomas huet, no sengem Secondaire, zu Paräis (Université de Paris 1 - Panthéon-Sorbonne) an zu Berlin (Humboldt Universität) zäitgenëssesch Geschicht studéiert. 2009 huet hien eng Ofschlossaarbecht (Master 2), ënner der Leedung vum franséische Professer an Historiker Pascal Ory, iwwer de Versuch vun däitsche Wëssenschaftler, am Kader vun der sougenannter Westforschung, groussdäitsch Uspréch op Lëtzebuerg sproochlech-kulturell, geographesch, historesch, asw. ze legitiméieren, verdeedegt.

Vun 2011 bis 2013 huet de Bernard Thomas als Journalist bei der Zäitschrëft forum geschafft. Zënter dem Hierscht 2013 schafft hie beim Lëtzebuerger Land.

Auszeechnungen änneren

  • 2009: Preis vun der Fondation Robert-Krieps fir déi bescht Master-Aarbecht am Beräich Politikwëssenschaften oder Geschicht.

Wierk (Auswiel) änneren

  • Le Luxembourg dans la ligne de mire de la 'Westforschung' (1931-1940) ; Lëtzebuerg (fondation robert krieps & d'Lëtzebuerger Land), 2011; 276 Säiten. ISBN 978-291990805-9

Literatur änneren

  • Henri Wehenkel, Dialogues germano-luxembourgeois à l'ombre du Troisième Reich ; in: forum, Nr. 309 (Juli 2011), Ss. 52-55.
  • Laurent Moyse, Sous l'emprise de la "Westforschung" - Le Luxembourg et le pangermanisme des années 1930 ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 5. Juli 2011; S. 17 (mat enger Foto vum B. Thomas).

Referenzen änneren

  1. Email vum Bernard Thomas.