Martin Linster
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Martin Linster, gebuer den 13. Oktober 1956 zu Boende am Kongo[1], a gestuerwen den 22. Oktober 2017 zu Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Fotograf.
Martin Linster | |
---|---|
Gebuer |
13. Oktober 1956 Boende |
Gestuerwen |
22. Oktober 2017 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fotograf |
Hie selwer gesouch sech awer net als Fotograf, mä als Fotojournalist.
Seng Spezialisatioun war laang Zäit d'Schwaarz-Wäiss-Fotografie. Seng faarweg Digitalfotografie huet hien nëmme minimal retouchéiert, an nëmme sou wéi hie seng Fotoen och an der Dunkelkammer retouchéiert oder verschafft hätt. Vill vu senge Fotoe si charakteriséiert duerch eng ongewinnt Wiel vu Cadrage a Perspektiv.
Beim Rodchenko huet hie sech am meeschten inspiréiert.
Vun 1997 bis 2011 war hien attitréierte Fotograf bei der Wochenzeitung D'Lëtzebuerger Land. Vun 2007 bis 2009 war hien dacks zu Paräis, wou hie Fotoe vun de Maquilleusen an der Opéra Bastille a vu Leit a Muséeën, am Metro an op der Strooss gemaach huet.
Ausstellungen
änneren- 1995: Archives nationales de Luxembourg (zesumme mam Boris Kremer), Lëtzebuerg
- 2004: Alimentation Générale, Stad Lëtzebuerg
- 2005: Réfugiés au Luxembourg, Centre de documentation sur les migrations humaines, Diddeleng
- 2005: Rétro-perspectives en Bosnie 1992-2006, Bäitrag: Sarajevo pendant la guerre, Centre Mondial de la Paix, Verdun
- 2007: (De)Constructing Lux, Espace Paul Wurth, Stad Lëtzebuerg
- 2009: Regard(s) sur le Malawi, Kräizgank vum Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, Stad Lëtzebuerg
- 2011: Entre les lignes, am Kader vum Mois Européen de la Photographie 2011, Nosbaum & Reding, Stad Lëtzebuerg
Bicher
änneren- Robert Hornung, Martin Linster a Christophe Olinger (Fotoen): luxembourg marmelade, 2001, ISBN 2-9599783-2-3
- Martin Linster (Fotoen): Malawi \ Martin Linster, ONG "Eng oppen Hand fir Malawi" a.s.b.l., ISBN 978-2-87996-644-1
Um Spaweck
änneren- "Ech waarde bis d'Situatioun komesch ass", Portrait vum Martin Linster an der Woxx
- Bekannter Bildreporter - Fotograf Martin Linster gestorben op wort.lu den 28. Oktober 2017, gekuckt de 4. November 2017
- Boris Kremer, Nachruf - Martin Linster † am Luxemburger Wort vum 4. November 2017, S. 80
Referenzen
änneren- ↑ "Doud vum Fotograf Martin Linster." rtl.lu, 28.10.2017, 11:14:03.
- ↑ Doudesannonce am "Luxemburger Wort" vum 31. Oktober 2017, S. 46