Charles Meder
lëtzebuergesche Auteur
(Virugeleet vu(n) Charel Meder)
De Charles Meder, gebuer de 5. Juni 1966, ass e lëtzebuergesche Professer am Kolléisch an Auteur.
Charles Meder | |
---|---|
Gebuer |
5. Juni 1966 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Lycéesprofesser |
Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen |
Famill | |
Bestuet mat | Anja Di Bartolomeo |
Papp | Cornel Meder |
2016 huet hien d'Novelle Aname erausbruecht a gouf dat selwecht Joer mat sengem Lauschterspill CyberTrappED mam 100,7 Radio-Präis ausgezeechent[1].
2017 krut hien de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur fir säi Wierk Aname.
De Charles Meder ass de Fils vum Cornel Meder an ass mat der Anja Di Bartolomeo bestuet.
Wierker
änneren- Aname. Novelle. 2016, Esch-Sauer, Op der Lay, ISBN 978-2-87967-220-5
- Schortgen, En Eisefrësser an der Chamber, 2022, Graphic Novel an Zesummenaarbecht mam Marc Angel, éditions guy binsfeld, ISBN 978-2-9199565-6-2
- Marc Limpach, Charles Meder. Andrée Viénot-Mayrisch – Lettres à sa mère 1918-1946. Luxembourg: Fondation Lydie Schmit, 2022. Print. ISBN 978-2-919908-20-2
- Charles Meder, Pierre Louis II, Ditteridi, E satirescht Märche vun der Neister Generatioun, 2023, Op der Lay, ISBN 978-2-87967-266-3
Theaterstécker
änneren- Geheimdiesntkönige, 2018; Hie krut fir dëst Theaterstéck den zweete Präis vum Concours littéraire national 2018[2].
- De Cabinet vum Dokter Menasse; Am Januar 2019 gouf dëst multilinguaalt Theaterstéck am Kasemattentheater fir d'éischt opgeféiert[3].
- SCHNOUKY, E Monolog, deen op Bréiwer vum Andrée Mayrisch u seng Mamm Aline de Saint-Hubert baséiert, Konzeptioun a Auswiel vun den Texter zesumme mam Marc Limpach, Uropféeierung mam Eugénie Anselin am Abrëll 2021 am Kasemattentheater[4][5]
Um Spaweck
änneren- Charles Meder - E Gespréich mam Gewënner vum Héierspill-Präis. 100komma7.lu, 25. Nov 2016 - 17:06.
- Lecture vun heiheem: "Aname" vum Charles Meder RTL.lu, 18.03.2017
- Valerija Berdi / cbi, Anja Di Bartolomeo a Charles Meder, 100komma7.lu, 21. Aug 2020 - 16:00.
Referenzen
änneren- ↑ "'CyberTrappEd' ass Kino fir d'Oueren." 100komma7.lu, 13. Abr 2017 - 13:45.
- ↑ "Résultats du Concours littéraire 2018." Communiqué op gouvernement.lu, Nov. 2018.
- ↑ Coauteure vum Stéck sinn d'Maïté Baumbach an d'Mady Weber. Schauspiller vun der Uropféierung waren d'Nora König, d'Elsa Rauchs an den Timo Wagner. Jeff Schinker, „De Cabinet vum Dokter Menasse“ enttäuscht op ganzer Linn, tageblatt.lu, 11. Januar 2019. 19:06
- ↑ SCHNOUKY, gekuckt den 3. Juni 2021
- ↑ Post-scriptum: cette pièce est trop parfaite, d'Lëtzebuerger Land, 30. Abrëll 2021