D'Aline de Saint-Hubert, gebuer den 22. August 1874 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 20. Januar 1947 zu Cabris, a Frankräich, war eng lëtzebuergesch Fërderesch vu Konscht a Literatur. 1894 ass si mam jonken Ingenieur Émile Mayrisch bestuet ginn. Duerno ass si och ënner dem Numm Aline Mayrisch oder Aline Mayrisch-de Saint-Hubert bekannt ginn.

Aline de Saint-Hubert
Pseudonym Alain Desportes
Gebuer 22. August 1874
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Januar 1947
Cabris
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Philanthrop, Fraerechtler, Promi
Famill
Bestuet mat Émile Mayrisch
Kanner Andrée Viénot
D'Aline Mayrisch de Saint-Hubert op engem Käppchen, deen d'Lëtzebuerger Post 1999 zu hiren Éieren erausbruecht huet

Der Aline de Saint-Hubert hir Famill war vun Dikrech, an hat e Holzgrousshandel an der Stad. Tëscht 1889 an 1890 war si Schülerin am Pensionat "Sartorius" zu Bonn. Mat 20 Joer huet se sech mam Émile Mayrisch betuet. D'Koppel krut 2 Kanner: de Jean, deen als Puppelche gestuerwen ass, an d'Andrée (1901-1977).

1895 gouf d'Aline Mayrisch Membre protectrice vun der belscher satiresch-kritescher Wochenzäitschrëft Pan, an 1898 Mataarbechterin vun der Avant-garde-Revue L'Art Moderne vu Bréissel. An där Revue verëffentlecht s'en Artikel iwwer dem André Gide säin Immoraliste. 1902 gëtt se Mataarbechterin vum Jahrbuch für bildende Kunst.

Mä och op sozialem Plang huet d'Aline Mayrisch-de Saint-Hubert sech engagéiert: 1906 huet se mat d'Association pour les Intérêts de la Femme gegrënnt, déi deenen Äermste gehollef huet an de Meedercher eng Schoulbildung erméiglecht huet.

Si huet och matgewierkt, datt de Meedercherslycée an der Stad, den haitege Lycée Robert-Schuman, gegrënnt gouf.

Um Enn vum Éischte Weltkrich, an duerno ëmmer méi, huet si zu Kolpech, wouhi se 1920 mat hirem Mann geplënnert ass, ënner dem Numm Cercle de Colpach virun allem däitsch a franséisch Intellektueller empfaangen, wéi de Paul Claudel, de Jean Guéhenno, Jacques Rivière, Karl Jaspers, Bernard Groethuysen, André Gide, Jean Schlumberger, Ernst Robert Curtius, d'Annette Kolb an de Richard Nikolaus Coudenhove-Kalergi. Hiert Haus zu Diddeleng, wou se virdrun dra gewunnt hunn, hu s'an e Kannerheem (d'Fondatioun Kräizbierg) transforméiere gelooss.

1928 stierft hire Mann stënterlech bei engem Autosaccident zu Châlons-sur-Marne. Am selwechte Joer gëtt d'Aline de Saint-Hubert Vizepresidentin vum Roude Kräiz, an 1933 Presidentin. Si huet och aner gemengnëtzeg Organisatioune mat an d'Liewe geruff, wéi d'Ligue contre la Tuberculose, d'Ligue Anticancéreuse, oder déi éischt Crèche zu Esch-Uelzecht. Och de Bau vun der Maternité an der Stad Lëtzebuerg ass op hiert Wierken hin zeréckzeféieren.

1937 huet se 9 Priedegten an 3 Legende vum Meeschter Eckhart iwwersat.

1939 ass d'Aline de Saint-Hubert op Cabris, a Südfrankräich, geplënnert, wou se 7 Joer méi spéit gestuerwen ass. Hiert Schlass zu Kolpech huet se dem Roude Kräiz, zesumme mat engem Pak Aktien, testamentaresch vermaach. Do ass se am Park, nieft hirem Mann, begruewen.

Am September 2001 huet de Lycée Aline Mayrisch um Campus Geesseknäppchen seng Diere fir d'Schüler opgemaach.

Monument zur Erënnerung un d'Aline Mayrisch am Park an der Stad Lëtzebuerg, beim Gebai vum Roude Kräiz.

Wierker änneren

  • "Correspondance 1907-1946: Aline Mayrisch - Jean Schlumberger". ISBN 2-87984-036-8
  • "Correspondance 1903-1946: André Gide - Aline Mayrisch". ISBN 2-07-072946-X
  • "Correspondance 1912-1925: Aline Mayrisch - Jacques Rivière". Centre d'Études gidiennes, 2007.
  • "Korrespondenz 1919-1953: Ernst Robert Curtius - Aline Mayrisch". Universitätsbibliothek Bonn.
  • Christoph Dröge: "Die unsichtbare Autorin. Aline Mayrischs Beiträge in der 'Nouvelle Revue Française'" - bibnet.lu
  • Tony Bourg, 1994, "Recherches et conférences littéraires: recueil de textes", éd.: Jean-Claude Frisch, Cornel Meder, Jean-Claude Muller et Frank Wilhelm. Ministère des affaires culturelles, Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul - bibnet.lu
  • Hand-Out: Catherine Gravet, Colloque de Colpach, 2007.
  • Catherine Gravet: "D'un portrait graphologique", BAAG n°155, Juli 2007, (sur Hélène Legros et la graphologie).
  • Cahiers André Gide 19. Correspondance avec Marc Allégret, erausginn a kommentéiert vum Masson Pierre et Claude Jean. ISBN 2-07-077565-8

Literatur änneren

  • Jean Leyder, 2023, Aline Mayrisch und Meister Eckhart, Die Warte, 7|2750, S. 12-14, Luxemburger Wort, 2. 3.2023
  • Germaine Goetzinger, 2022, Aline-Mayrisch-de Saint-Hubert 1874-1947, Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur, Éditions Guy Binsfeld, 504 S., ISBN 978-99959-42-79-3
  • Marc Thill, 2022, "Mir war die mutige, innovative aline Mayrisch wichtig", Diese starke Frau ist nicht genügend präsent in der Gesellschaft, bedauert Germaine Goetzinger, die nun eine Biografie zu aline Mayrisch vorgelegt hat, Luxemburger Wort, 11. Oktober 2022, S.34-35
  • Franck Colotte, 2022, L'héritage d'Aline Mayrisch, Entre legs culturel et engagement social, Die Warte, 4|2711, S. 2-3, Luxemburger Wort, 27. Januar 2022
  • Germaine Goetzinger, 2022, Aline Mayrisch und Otto Bartning, Zoom auf das Literaturarchiv: an der Schnittstelle von Architektur und Literatur, Die Warte, 3|2710, S. 2-3. Luxemburger Wort, 20. Januar 2022
  • Germaine Goetzinger, 2008. Aline Mayrisch-de Saint-Hubert. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 103-108. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • Gilbert Trausch, 1999. Le maître des forges Emile Marisch et son épouse Aline. Puissance et influence au service d'une vision. Lëtzebuerg.
  • Muller, Joseph-Émile, 1978. Les tableaux de Madame Mayrisch. pp. 198–201 in: Stumper, Robert (Ed.), 1978. Colpach. 292 p., 2e éd., revue et augm. Impr. Victor Buck, Luxembourg. [éd. par un groupe d'amis de Colpach]
  • Juls Mersch (1963). "Aline Mayrisch de Saint-Hubert". In: Biographie nationale du pays de Luxembourg. Luxembourg, Victor Buck.