Concours littéraire national 2024

De Concours littéraire national 2024 ass ee lëtzebuergesche Literaturconcours, dee vum Kulturministère organiséiert gëtt. En huet sech 2024 ëm Theaterstécker gedréint.

Auteuren, déi musse Lëtzebuerger sinn oder zu Lëtzebuerg wunnen, konnte bis den 1. Juli 2024 déi vun hinne verfaasst Texter, no Modalitéiten, déi vum Kulturministère festgeluecht goufen, areechen. Si kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an/oder Englesch sinn. [1]

Wéi virdru gouf et zwou Kategorië Präisser: fir Auteuren tëscht 12 an 19 Joer, a fir déi méi al.

D'Präisverdeelung war den 9. Dezember 2024 am CNL.

Gewënner

änneren

Ënner den 48 agereechte Stécker huet de Jury déi heiten ausgezeechent[2]:

  • 1. Präis: Urd. Pièce multilingue pour un coupable, sa victime, un mannequin de vitrine, plusieurs mannequins gonflables et le public vum Charles Meder;
  • 2. Präis: Les Bienheureux vum Antoine Pohu;
  • 3. Präis: Second Zechariah vum Erik Abbott.

Jonk Auteuren

Vun de 4 agereechten Texter goung den 1. Präis un It's Raining Cats and Dogs vun der Aimée Dhonte.

De Jury huet sech, ënner der Presidence vum Luc Schiltz, zesummegesat aus dem Tullio Forgiarini, der Carole Lorang, der Sarah Rock an dem Pascal Seil.

Den éischte Präis war mat 7.500 Euro dottéiert, wou e Maximalbetrag vu 5.000 Euro bäigeluecht gëtt, fir den Drock vum Text. Fir den 2. Präis gouf et 4.000.Euro, a fir deen drëtten der 3.000, grad wéi och fir den 1. Präis fir jonk Auteuren.

Referenzen

änneren
  1. Communiqué op gouvernement.lu, 19.10.2023.
  2. "Annonce des lauréates du Concours littéraire national 2024" Communiqué op gouvernement.lu, 04.11.2024.