Chamberwale vum 30. Mee 1954

Bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954 zu Lëtzebuerg goufen 52 Deputéiert fir e Mandat vu 5 Joer an d'nationaalt Parlament, d'Chamber, gewielt.

Geschicht änneren

D'Experienzen aus den zwou globale Katastrophen hunn d'Entwécklung vun den internationale Bezéiungen nom Krich beaflosst. De staatlechen Individualismus, deen duerch déi national Souveränitéit gekennzeechent ass, trëtt a gewësser Weis an den Hannergrond. Doduerch datt et dem Grand-Duché erméiglecht gouf, an internationale Verträg opgeholl ze ginn, duerch déi iwwernational Autoritéite geschaaft goufen, war et néideg, eenzel Artikele vun der Verfassung z'änneren. Et goung absënns ëm d'Artikelen 32 a 37 iwwer d'souverän Muecht.

D'Chamber huet op Grond vum éischten Abschnitt vum Artikel 114 vun der Verfassung offiziell erkläert, datt déi betraffen Artikele vun der Constitutioun misste geännert ginn. Doropshi war d'Chamber d'office opgeléist. Et koum dunn den 30. Mee 1954 zu Neiwale mat deenen déi al Chamber där neier den Optrag ginn hat, d'Texter vun der Verfassung unzepassen[1].

Resultater änneren

Resultater vun de Chamberwale vum 30. Mee 1954
Partei Sëtz Ënnerscheed zu virdrun
  Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei 26 +5
  Groupement démocratique 6 -2
  Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei 17 -2
  Kommunistesch Partei Lëtzebuerg 3 -1

Opgrond vun deene Resultater koum et den 29. Juni 1954 zu der Formatioun vun der Regierung Bech-Bodson, enger Koalitiounsregierung vun CSV an LSAP.

Gewielt Deputéiert änneren

Alphabetesch Lëscht vun der Zesummesetzung vun der Chamber no de Wale vum 30. Mee 1954[1], inklusiv deenen Deputéierten, déi op hiert Mandat verzicht hunn a vun deenejéinegen, déi se ersat hunn (déi nogeréckelt sinn). Fir déi, déi bei de Wale vum 30. Mee 1954 an d'Chamber gewielt goufen, steet als Ufank vum Mandat 1954 an der Lëscht.

Zesummesetzung vun der Chamber no de Chamberwale vum 30. Mee 1954
Zuel Numm Partei Bezierk gewielt Stëmmen[1] Mandat vun Mandat bis Bemierkung
1 Victor Abens LSAP Norden direkt 10 333 1954 1959
1 Jean-Pierre Bauer LSAP Zentrum direkt 16 797 1954 1959
Joseph Bech CSV Osten direkt 14 038 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Tony Biever CSV zentrum direkt 22 589 1954 1959
Victor Bodson LSAP Osten direkt 20 995 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Albert Bousser LSAP Zentrum direkt 17 629 1954 1959
1 François Cigrang DP Süden direkt 4 084 1954 1959
Emile Colling CSV Süden direkt 25 920 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Othon Decker LSAP Osten direkt 5 156 1954 1959
1 Aloyse Duhr CSV Osten direkt 9 925 1954 1959
1 Jean Dupong CSV Süden direkt 25 296 1954 1959
1 Michel Ewen LSAP Norden direkt 10 012 1954 1959
1 Romain Fandel LSAP Süden direkt 26 143 1954 1959
1 Nicolas Ferring CSV Norden direkt 17 600 1954 1959
1 Marcel Fischbach CSV Zentrum direkt 21 624 1954 1959
1 Jean Fohrmann LSAP Süden direkt 27 636 1954 1959
1 Jean Gallion LSAP Süden nogeréckelt 23 622 1954 1959
1 Pierre Gansen LSAP Süden direkt 26 644 1954 1959
1 Henri Gengler CSV Norden direkt 18 505 1954 1959
1 Joseph Grandgenet KPL Süden direkt 10 237 1954 1959
1 Pierre Grégoire CSV Zentrum direkt 22 065 1954 1959
1 Jean Gremling LSAP Zentrum direkt 17 871 1954 1959
1 Emile Hamilius DP Zentrum direkt 14 958 1954 1959
1 Joseph Herr CSV Norden direkt 18 024 1954 1959
1 Adrien van Kauvenbergh LSAP Zentrum direkt 17 922 1954 1959
1 Jean Kinsch CSV Süden direkt 22 808 1954 1959
1 Lucien Koenig DP Zentrum direkt 12 059 1954 1959
Nicolas Kollwelter CSV Zentrum nogeréckelt 17 877 13.06.1958 1959 nogeréckelt fir den Nicolas Rollinger no deem sengem Doud
1 Antoine Krier LSAP Süden direkt 25 528 1954 1959
1 Nicolas Leonardy CSV Osten nogeréckelt 9 778 1954 1959
1 Fernand Loesch CSV Zentrum nogeréckelt 20 215 1954 1959
1 Joseph Lommel CSV Süden direkt 23 474 1954 1959
1 Joseph Lucius CSV Süden nogeréckelt 21 469 1954 1959
1 Nicolas Margue CSV Süden direkt 23 454 1954 1959
1 Denis Netgen LSAP Süden direkt 24 481 1954 1959
1 Jean Peusch DP Norden direkt 5 539 1954 1959
1 Joseph Philippart LSAP Süden nogeréckelt 23 207 1954 1959
Michel Rasquin LSAP Süden direkt 26 839 huet op d'Mandat verzicht fir e Ministerposten unzehuelen
1 Emile Reuter CSV Zentrum direkt 23 904 1954 1959
1 Jean-Baptiste Rock CSV Süden direkt 22 855 1954 1959
1 Nicolas Rollinger CSV Zentrum direkt 24 925 1954 13.06.1958 no sengem Doud, den 13. Juni 1958, duerch den Nicolas Kollwelter ersat
1 Robert Schaffner DP Osten direkt 5 757 1954 1959
Jean Schank CSV Norden nogeréckelt 15 897 01.07.1956 nogeréckelt fir den Tony Schmit no deem sengem Doud
1 Eugène Schaus DP Zentrum direkt 12 362 1954 1959
1 Alphonse Schiltges CSV Norden direkt 17 674 1954 1959
1 Tony Schmit CSV Norden direkt 17 264 1954 01.07.1956 no sengem Doud, den 1. Juli 1956, duerch de Jean Schank ersat
1 Guillaume Speck CSV Osten direkt 10 036 1954 1959
1 Dominique Steichen LSAP Süden direkt 23 769 1954 1959
1 Nicolas Thill CSV Osten direkt 10 518 1954 1959
1 Dominique Urbany KPL Süden direkt 10 348 1954 1959
1 Arthur Useldinger KPL Süden direkt 11 090 1954 1959
1 Georges Wagner CSV Norden direkt 21 347 1954 1959
1 Antoine Wehenkel LSAP Zentrum direkt 18 020 1954 1959
1 Camille Welter CSV Zentrum nogeréckelt 19 570 1954 1959
1 Alex Werné CSV Süden direkt 21 992 1954 1959
1 Jean Winkin CSV Norden direkt 20 387 1954 1959
1 Charles Wirtgen CSV Süden direkt 22 928 1954 1959
1 Joseph Wohlfart LSAP zentrum nogeréckelt 16 569 1954 1959
52



Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Bulletin d'information n° 5-6-7/1954 couvrant la période du 1er mai 1954 au 31 juillet 1954, S. 70-74 op sip.gouvernement.lu