Guillaume Speck

lëtzebuergeschen Dokter an Deputéierten


De Guillaume (Willibrord Wilhelm) Speck, genannt Willy oder Will, gebuer de 6. Mäerz 1907 zu Iechternach a gestuerwen de 24. September 1992 an der Stad Lëtzebuerg am Alter vu 85 Joer, war e lëtzebuergeschen Dokter a Politiker (CSV)[1].

Guillaume Speck
Gebuer 6. Mäerz 1907
Iechternach
Gestuerwen 24. September 1992
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Cours supérieurs
Aktivitéit Dokter, Politiker
Partei CSV

Den Dokter änneren

De Will Speck huet zu Lëtzebuerg (Cours supérieurs), Paräis a Stroossbuerg Medezin studéiert. Am November 1932 huet hie sech zu Iechternach als Generalist etabléiert.[2]

1947 gouf hie medezineschen Direkter vum Heliar-Institut an der Weilerbaach. Vun 1948 bis 1951 war den Dr. Speck am Rang vum Kapitän den Dokter vum lëtzebuergesche Batailloun zu Bitburg.[3]

De Politiker änneren

De Will Speck gouf bei de Gemengewale vum 7. Oktober 1945 an den Iechternacher Gemengerot gewielt, deem hie vun 1946 bis 1969 ugehéiert huet.

Hie gouf bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 fir d'éischt als Deputéierten an d'Chamber gewielt a gouf ëmmer nees erëmgewielt bis hien 1964 aus beruffleche Grënn decidéiert huet net méi fir en Deputéiertemandat ze kandidéieren.[4]

De Speck war vun 1947 bis 1963 President vum Willibrordus-Bauveräin.

D'Famill änneren

De Will Speck huet sech den 8. Abrëll 1937 mat der Claire Wertheim bestuet.[5] Seng Mamm war d'Marie Sibylla Mertens. Säi Papp war de Geschäftsmann Jos (Michel Joseph) Speck, deen den 28. Abrëll 1878 zu Iechternach op d'Welt koum an do de 27. Oktober 1942 gestuerwen ass.[6]. De Jos Speck war eng länger Zäit Member vum Iechternacher Gemengerot, sief et als Conseiller oder als Schäffen.[7]. Vun 1928 u bis zu der Opléisung vum Veräin duerch d'Preisen am Mäerz 1941 war de Jos Speck donieft President vum Willibrordus-Bauveräin.[8]

Publikatioun änneren

  • Speck, Will, 1960. Heliar, das Naturistische Institut in Weilerbach. Luxemburger Marienkalender 1961, S. 107-112.

Literatur änneren

  • Kauthen, P., 1992. Dem Echternacher Dr. Will Speck zum Gedenken. Luxemburger Wort 1992-12-29, S. 9.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, pp. 1343-1756, [1]-23, [1] (Speck: S. 1493-1494).
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 2015. Le professeur Jos Hoffmann (1911-2000), pédagogue, zoologue et défenseur de la nature, membre méritant de la Société des naturalistes luxembourgeois. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116(2015): 321-345 (Guillaume Speck: S. 339-331).

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Kauthen 1992, Massard & Geimer 2015.
  2. Kugener 2005.
  3. Massard & Geimer 2015, Kugener 2005.
  4. Noruff op de Guillaume Speck an der 4. Sëtzung vun der Chamber vum Sëtzungsjoer 1992-93 de 15. Oktober 1992.
  5. Luxemburger Wort 1937-04-06, S. 4
  6. luxracines.lu.
  7. Luxemburger Wort 1942.-10-28, S. 4 (Sterbefall in Echternach).[1]
    Luxemburger Wort, 1942-10-28, S. 6 (Doudesannonce).[2]
  8. Hundert Jahre Willibrordus-Bauverein, 1862-1962. Luxemburg, Editiones Epternacenses, S. 42.
  9. Memorial A N°10 vun 1956 mat der Lëscht vun de Leit déi 1956 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2015-04-05.