Challenge Guy Greffrath
De Challenge Guy Greffrath ass de Präis mat deem zanter der Saison 1987/1988 all Joer de beschte Spiller aus dem Lëtzebuerger Foussballchampionat mam Titel Foussballspiller vum Joer geéiert gëtt. D'Gielchen ass eng Initiativ vun der Sportredaktioun vun der Dageszeitung d'Wort. Hiren haitegen Numm dréit d'Auszeechnung zu Éiere vum 1997 verscheete Guy Greffrath, laangjärege Ressortchef vun der Sportredaktioun am Wort.
Et gëtt bis ewell nach keng analog Wäertung fir déi bescht Foussballspillerin.