De Joris Di Gregorio, gebuer de 4. September 1982 zu Diddenuewen, ass e franséische Foussballspiller an -trainer.

Joris Di Gregorio
Gebuer 4. November 1984
Diddenuewen
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp F91 Diddeleng,
Fola Esch

Spillercarrière änneren

Am Summer 2005 huet hien den Transfert vum franséischen Drëttdivisionär AS Cherbourg op Diddeleng gemaach an 2005/06 seng éischt Saison fir den F91 gespillt. Mat all Kéier 22 Goler an de Saisonen 2006 an 2007 konnt hie sech séier als effikasse Stiermer an der Nationaldivisioun etabléieren an ass zu engem vun de Pilieren an der Diddelenger Ekipp avancéiert. No engem drëtte Championstitel mam F91 (2008) huet den Di Gregorio fir d'Saison 2008/09 de Wiessel bei d'Escher Fola gemaach. Am Januar 2013 ass hie bei d'US Hueschtert gewiesselt, fir d'Saison 2014/15 bei d'US Munneref a fir d'Saison 2015/16 zeréck a Frankräich bei den CS Veymerange, wou hien 2016 d'Foussballsschong un den Nol gehaangen huet.

2005/06 an 2006/07 ass hien zweemol hannerenee Foussballspiller vum Joer zu Lëtzebuerg ginn.

Veräiner: CS Veymerange, US Munneref, US Hueschtert, CS Fola Esch, F91 Diddeleng, AS Cherbourg, Pau FC, CSO Amnéville, FC Magny Le Hongre.

Trainercarrière änneren

Vun der Saison 2016/17 bis d'Saison 2017/18 huet de Joris di Gregorio d'Ekipp vum CS Veymerange trainéiert. Zanter der Saison 2018/19 ass hie Co-Trainer vum Paulo Gomes bei der US Munneref.