Den Théo Scholten, gebuer de 4. Januar 1963 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Théo Scholten
Gebuer 4. Januar 1963
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp FC Aris Bouneweg,
Jeunesse Esch,
Avenir Beggen,
CS Gréiwemaacher,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 9. Juni 1984 am 28. Mäerz 1990 huet hien 21-mol fir d'Nationalekipp gespillt.[2]

An der Saison 1993/94 war hie lëtzebuergesche Foussballspiller vum Joer.

An der Saison 1983/84 huet hie bei der Aris Bouneweg gespillt. Duerno war hie vun 1984 bis 1990 bei der Jeunesse Esch a vun 1990 bis 1996 beim Avenir Beggen. Vun 1996 bis 1999 huet hie fir d'CS Gréiwemaacher gespillt.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Théo Scholten op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Théo Scholten op der Websäit vun European Football
  3. Den Théo Scholten op der Websäit vun National Football Teams