Daniel Huss

(Virugeleet vu(n) Dan Huss)

Den Daniel Huss, genannt Dan Huss, gebuer de 4. Oktober 1979 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller[1]. Hie spillt an der Stiermerpositioun, an ass Kapitän beim CS Gréiwemaacher.

Daniel Huss
Gebuer 4. Oktober 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller

Tëscht dem 26. Abrëll 2000 an dem 12. September 2007 huet hie 47-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt, an dobäi 3 Goler geschoss.[2]

2009/10 war hie Foussballspiller vum Joer.

Referenzen änneren

  1. Den Dan Huss op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Dan Huss op der Websäit vun European Football'