Chaldene (Mound)

Jupitermound


De Mound Chaldene (oder Jupiter XXI) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Chaldene
(Jupiter XXI)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 10
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.179.000 km
Periapsis 17.361.000 km
Apoapsis 28.997.000 km
Exzentrizitéit 0,251
Ëmlafzäit 723,8 Deeg
Ëmlafvitess 2,33 km/s
Inklinatioun 165,2°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 3,8 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04 ?
Visuell Magnitude (mag) 22,5
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 26. November 2000

Entdeckung änneren

De Chaldene gouf de 26. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Seng éischt virleefeg Bezeechnung war S/2000 J 10.

De Mound gouf no der Chaldene genannt, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie.

Bunndaten änneren

De Chaldene kreest a 723 Deeg, 16 Stonnen an 48 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.100.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2590. Mat enger Inklinatioun vu 165,191° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Chaldene zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.

Physikalesch Daten änneren

De Chaldene huet en Duerchmiesser vun zirka 3,8 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. De Chaldene huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,5m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren