Centbutteker si sozial Epiceriën (Epiceries sociales) zu Beggen, Beetebuerg a Péiteng an deenen déi Leit, déi keen héicht Akommes hunn, hir Liewensmëttel fir manner Suen akafe kënnen. Sozial benodeelegt Leit oder déijéineg, déi en ze niddregt Akommes hunn, kënne bei hirer Gemeng eng speziell Kaart ufroen, déi et hinnen erméiglecht a sou Butteker anzekafen. D'Centbutteker gi vun der Den Cent Buttek a.s.b.l. gedroen.

Ziler änneren

  • Aarme Leit, déi keen esou en héicht Akommes hunn, och Liewensmëttel zu engem Präis unzebidden, deen hirer finanzieller Situatioun ugepasst ass.
  • Dëse Leit e Lächelen an d'Gesiicht bréngen.
  • De Leit e gewësse Komfort ubidden, fir datt si sech fir eng kuerz Zäit vun hirem Alldag oflenke kënnen.
  • Net nëmmen Erwuessener, mä och spezifesch Kanner glécklech maachen, andeems Benevoller fir si Sortien organiséieren, déi si sech ouni d'Hëllef vum Centbuttek net leeschte kéinten.

Centbuttek-Kaart änneren

Fir an den Centbuttek kënnen akafen ze goen, brauch een eng "Centbuttek-Kaart". Déi Kaart ass de Beweis, datt déi Famill um Existenzminimum lieft a si vun der Gemeng offiziell ënnerstëtzt gëtt. Nodeems een d'Kaart bei senger Gemeng ugefrot huet, kënnt e Mataarbechter bei déi Persoun heem a kuckt sech d'Liewenssituatioun un. Wann d'Famill tatsächlech keng Méiglechkeet huet, fir hir Liewensmëttel selwer ze finanzéieren, stellt sech d'Gemeng drop an, fir där Famill ënnert d'Äerm ze gräifen an een Deel vun hiren Akeef ze finanzéieren. D'Kaart kritt also net all Famill vun der Gemeng zur Verfügung gestallt. Et gi reegelméisseg Kontrolle gemaach, fir datt keen op d'Iddi kënnt, den Centbuttek auszenotzen.

D'Famille kënnen, soubal si hir Kaart kritt hunn, an den Centbuttek akafe goen, wou d'Liewensmëttel präislech erofgesat sinn. Do kréie si e komplette Caddie fir den hallwe Präis wéi am Supermarché. Déi aarm Famille brauchen also net op gewëss nëtzlech Produkter ze verzichten, aus Angscht, datt et um Enn vum Mount net mam Geld duergeet.

Mataarbechter änneren

Am Centbuttek schaffen nëmme benevoll Mataarbechter. Si zortéiere fir d'éischt d'Liewensmëttel, déi aus dem Iwwerschoss vu Geschäfter oder Supermarchéë kommen. Uebst, Geméis oder aner Iesssaachen, déi vum Datum hir ofgelaf sinn, ginn ewechgehäit. Déi, déi nach gutt sinn, ginn an engem nächste Schrëtt kontrolléiert, ob si och net beschiedegt goufen, wie beispillsweis Mëllech oder Jugurt, déi virum Gebrauch net däerfen opgemaach ze ginn. No der Kontroll sinn d'Liewensmëttel prett fir d'Verdeelung un d'Leit. Aus Uebst oder Geméis, dat net perfekt schéin ausgesäit, gëtt Jus, Gebeess, Zopp a méi hiergestallt. Déi Iesswueren, déi um Enn vum Dag net verkaaft goufen, gi vun de fräiwëllege Chauffeuren aus den Centbutteker u Foyere fir Kanner an Erwuessener verdeelt. Et ginn also keng Liewensmëttel verbëtzt.

D'Benevolle sinn och zoustänneg fir Sortië mat de Kanner vun der Clientèle aus dem Centbuttek z'organiséieren a maache bei Manifestatioune mat fir den Centbuttek méi bekannt ze maachen.

Geschicht an Entwécklung änneren

Den Centbuttek gëtt vun der Den Cent Buttek a.s.b.l. geréiert, déi den 9. Mäerz 2009 gegrënnt gouf. Déi Associatioun krut de Statut vun der Utilité publique. Den éischte Buttek gouf den 22. Dezember 2009 zu Beetebuerg opgemaach an den nächste kuerz drop, den 19. August 2010 zu Beggen. An den 3. Cenbuttek ass den 18. Mee 2015 zu Péiteng opgaangen. Wéi vill aner Organisatioune gouf och den Centbuttek vu Benevolle gegrënnt a gëtt och vun hinne geleet. Bäckereien, Supermarchéen an aner Entreprisë brénge reegelméisseg Liewensmëttel, déi si ze vill hunn, an déi Butteker.

Se sinn normal méindes a mëttwochs vu 15:00 bis 18:00 Auer a freides vun 13:00 bis 15:00 Auer op.

Veranstaltungen änneren

Fir Ouschteren a Kleeserchersdag kréien d'Kanner vun de Benevollen, déi an de Butteker schaffen, Schockela verdeelt. Dacks ginn och Sortië, wéi beispillsweis op d'Schueberfouer, an en Zirkus, an eng Pizzeria a. s. w. organiséiert, wou d'Kanner dann och geléiert ginn, wéi ee beispillsweis selwer eng Pizza mécht. Den Centbuttek verdeelt also net nëmme Liewensmëttel, mä erlaabt et deene méi aarme Kanner an och Erwuessener e puer Stonnen aus hirem oft langweilege laangen Alldag erauszekommen.

Entreprisen, Gemengen a Sponsoren änneren

Den Centbuttek gëtt ënnerstëtzt vun: e-connect, Cactus, BGL BNP Paribas, Cora, Garage Rodenbourg, Garage Réiserbann, Naturata, Colruyt, Marcel Grosbusch & fils, Maxim pasta, Alima, Caves Bernard-Massard, Lëtzebuerger Geméis, Elco a Weltbuttek Beetebuerg.

Och Gemenge wéi Beetebuerg, Lëtzebuerg, Hesper, Réiser, Rëmeleng, Diddeleng, Fréiseng, a Keel ënnerstëtzen an hëllefen dem Centbuttek.

Um Spaweck änneren