Sozial Epicerië si Butteker, déi virun allem e sozialen a kee kommerziellen Zweck hunn. Si wëllen der Aarmut vu Leit a schwierege Liewenssituatiounen entgéint wierken. D'Solidaritéit an déi sozial Verbindunge sollen mat dëse Butteker gestäerkt ginn. Eng equilibréiert Ernierung soll och esou fir Leit mat engem Aarmutsrisiko erméiglecht ginn. Doriwwer eraus wëllen dës Butteker d'Verschwendung vu Liewensmëttel konkreet bekämpfen.

Sozial Epicerië gi vun der Caritas Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Roude Kräiz gedroen. En änlecht Konzept gëtt och vum Centbuttek ugestrieft.

Um Spaweck änneren